Mir all hunn de Privileg, Fräiheeten ze liewen fir déi anerer wéi mir selwer de Kapp higehalen hunn. Ugefaang bei fundamentale Grondrechter wéi Meenungsfräiheet, Besëtz a Sécherheet bis hin zu méi alldeegleche Fräiheete wéi déi, entscheeden ze kënnen, op wéi eng Aart a Weis ee sech undoe wëll. Bis op e wéineg Ausnahmen erkennt en hei heem well laang keng Leit respektiv Beruffer also déi entspriechend sozial Klasse méi un hirer Kleedung.

Wéi et am Februar geheescht huet och a Frankräich dierf d'Fra endlech ganz offiziell eng laang Box undoen - wär de Problem wuel manner beim Kleedungsstéck wéi bei der Fro firwat dat et 2013 Joer brauch fir Gläichheet vu Mann a Fra och administrativ bis an de leschten Detail ëm ze setzen.

Dem Gottfried Keller seng Novelle „Kleider machen Leute“ huet zwar nëmmen 140 Joer um Bockel – ass dofir awer net manner aktuell a villen ëmmer nach e Begrëff; ähnlech dem Motto: „de beschte Fuedem fir déi gréisste Looser“. Wuel gëtt et offiziell och heiheem nach op ville Plazen eng 'coutume vestimentaire' – déi gëtt awer gemengerhand ganz large behandelt. Dozou huet sécher och déi eng aner Perséinlechkeet bäigedroen – ech erënneren um Paul McCartney seng Turnschlappe beim Costume oder dem Steve Jobbs seng Blue-Jeans a schwaarz Pullovere ganz ouni Kostüme.

Wien elo denkt: „Im Westen nichts Neues“ – huet net ganz Recht! Sicht een nämlech e ganz hondsgewéinlechen, also normalen T-Shirt, Polo oder Pullover da muss een neierdéngs feststellen, datt et dës Kleedungsstécker bal nëmmen nach mat enger Abberzuel Ofzeechen, Zuelen a Symboler gëtt. Wären dat soss kleng firmenspezifesch Logoe mat deenen haaptsächlech Markekleeder op sech opmierksam gemaach hunn, geet et haut vu Yachten, Häfen oder soss Booter, iwwert all méiglech Fligeren an Expeditiounen, vu pseudo-militäreschen Auszeechnungen bis hin zu Unien op deenen een, wann et se dann iwwerhaapt gëtt, selwer ni war. Op dës Sticker a Joreszuelen elo e Sënn erginn ass net wichteg - wat zielt ass wéi et ausgesäit: Mat der Iddi, datt den Image alles ass – léisst sech eben nach méi verkafe wéi just globaliséiert Limonade.

Nodeems d'Uniformen also sou gutt wéi iwwerall ofgeschaf goufen, gëtt een d'Gefill net lass mir Mënschen kinnten net ouni. A bei de Fräiheeten, déi eis dach alleguer sou wichteg sinn, stellt sech d'Fro op mer dann och ëmmer sou e gescheite Gebrauch dovunner maachen.