Ass d'Natur eng Katastroph?

Jo d'Wieder war dëse Päischtweekend - ausser e Samschdeg- eng eenzeg Katastroph. Mä ass Wuert net dach e bëssi iwwerdriwwen? Sécher dat Geräisch, dat am meeschten ze héiere war, war d'Plätschen vun de Reendrëpsen op de Fënsterbrieder an an de Glasscheiwen. Et muss een awer zouginn, datt dat Geräisch och heiansdo eppes Berouegendes huet. Et weess een, datt d'Waasser, dat mir an d'Natur sou dringend brauchen an dat dacks riskéiert rare ze ginn, weider seng Liewenswichtegkeet behält. Wat net heescht, datt de permanente Reen an de groen Himmel an de Mangel u Sonn dem Gemitt net kënnen op d'Nerve goen.
Eng aner Nouvelle aus der Natur hat lescht Woch och fir Opreegung gesuergt: d'Geschicht vun der Fliedermaus mat der Tollwut. Och wann et esou e Fall scho laang net méi gouf, war d'Suerg vun den Natur-Verwaltungen déi, datt lo d'Fliedermaus an e schlecht Liicht géing geroden. Mä am Liicht kann een déi äerdeg Déiercher jo knapps emol gesinn. „Hoffentlech geschitt deenen aarme Männercher lo näischt“, war e Sonndeg den allgemenge Credo bei engem Familljeniessen an ech hat d'Impressioun, datt déi Fladderdéieren dach méi beléift sinn, wéi een ëmmer mengt.
Grad esou positiv hunn ech empfonnt, datt ech déi zwee lescht Deeg moies net vum Wecker, mä vun intensivem Vullegesank erwächt gi sinn. "Kuck do, deene mécht de Reen näischt aus", hunn ech mer geduecht. Si trälleren hir schéinste Lidder duerch d'Géigend a bréngen et esou fäerdeg, déi schéin Säite vun der Natur dach och mol nees an eist Gewëssen ze ruffen oder besser ze päifen, obwuel se och alt hir Suergen hunn fir Nahrung ze fannen, well Mécken huet een der nach net vill gesinn.
D'Natur fuerdert eis, dat stëmmt, si mécht eis et net ëmmer einfach, mä si ass dofir keng Katastroph.
Sinn net souwisou déi trageschst Katastrophen, déi un deene mir Mënschen mat schold sinn? Och bei de sougenannten Naturkatastrophen.