Mir liewen a komeschen Zäiten. A mir sinn droleg Leit. Mir wëllen alles a säi Géigendeel. A kréien et och nach. Dëse Weekend war ech an engem vun deene Profi-Hobby-Garden-Fräizäit-Haus-Maach-der-et-selwer-Chantier-Butteker, där mer gläich méi hunn wéi Banken, an do ass mer ee Schëld an d'Ae gefall, mat engem éischter widderspréchleche Message: „Votre chien aboie ? Nous avons la solution !“ Ech war bis ewell der Meenung, dass et ee Problem wär, wann en Hond net billt. Dofir huet een déi Béischter jo. Anscheinend sinn ech schrecklech almoudeg.

Mir wëllen alles a säi Géigendeel, een Hond jo, awer just als Lifestyle-Accessoire, an dee soll gefällegst net billen, dat stéiert wann een a Rou well Tëlee kucken. Da kritt en ee Bändchen ëm den Hals, deen ëm all Kéiers ee Stroumschlag gëtt, wann en de Bak oprappt, bis en d'Lektioun geléiert huet. Muncheree wär frou wann et sou ee System och géif fir d'Kanner ginn. Well och am Bezuch op Kanner gëllt : alles a säi Géigendeel. Eng Famill grënnen ass gutt, mä dann d'ganzt Liewe änneren, a Punkto schaffen an erausgoen ? Ma gewass. Dofir kréie mer jo lo eng 24 Stonne Crèche. A méi spéit sollen déi Kanner an der Schoul natierlech och ee gudden Diplom kréien, een, dee gläichzäiteg vill wäert ass, a méiglechst einfach fir jiddereen ze kréien ass.

Alles a säi Géigendeel : de Staat soll spueren, mä wann ech gelift net un eis Subside rësele goen; déi Räich solle méi Steiere bezuelen, mä räich si just déi, déi méi verdénge wéi mir selwer; mir brauchen ee besseren ëffentlechen Transport, awer gratis, a just fir déi aner, fir dass mir selwer besser Plaz op der Strooss hunn; mir wëllen am Grénge wunnen, awer no bei der Schaff; d'Präisser vun den Immobilië sollen erof, mä wa mir eis eege Brak verkafen, kann de Präis guer net héich genuch sinn; mir hätte gäre bëlleg Krediter, mä wëllen héich Zënsen um Spuerbuch; mir ginn nach just an d'Ausland akafe, mä maule wa bei eis de Chômage eropgeet; mir fléie gär fir een Täschegeld an d'Vakanz, a wonneren eis firwat d'Luxair a schlechten Dicher stécht; mir verpasse keng Aventure vun de Geissens, a reegen eis nawell op, dass et mam Niveau op der Tëlee d'Baach ageet. Ech fäerten net nëmmen op der Teleeë.

Vläit sollte mer eis rëm lues mat der Idee ufrënnen, dass een am Liewen net kann alles hunn. An dass Hënn nun emol billen. Bekanntlech bäissen se da wéinstens net.