Et ass eng vun deene Situatiounen, wou een sech am léifsten géing ënnert dem Teppech verkrauchen.

Et kann zu all Moment an iwwerall passéieren. Schlëmm ass et am Prinzip net, et weess ee jo, datt et deenen aneren och alt mol geschitt. Deslescht op enger Gebuertsdagsparty: flott Ambiance, net ze vill awer genuch Leit, diskret Hannergrondmusek, lecker Fingerfood, jee: e relaxen Owend. E bëssche Smalltalk hei, e puer Sätz Beschass do … hei: dohanne steet een, deen hunn ech dach scho mol enzwousch gesinn. Elo fält mer deem säin Numm net méi an. D'Gesiicht kennen ech, awer wéi heescht deen Typ scho méi? Oh neen, en huet mech och erbléckst. Elo kënnt en och nach heihinner. Den … dajee … meng s de säin Numm géing mer elo afalen. Et sief. Do musse mer elo doduerch. N'owend! Salut, wéi geet et, wéi hu mer et? Datt mir eis elo grad hei begéinen … Jo, mir kruten och eng Parkplaz direkt vrun der Dir. Effektiv, coole Sall. Mol gespaant, wéi de Buffet herno ass. De Schampes ass jo impeccabel … bla bla bla.

Mëttlerweil hat ech gemengt, ech wéisst vu wou mer eis kennen, wou mer eis scho mol begéint waren. Mä ech si menger Saach net méi sécher. Eng falsch Pist, et war wuel Wonschdenken. E kéint mer jo awer mol deen een oder aneren diskreten Unhaltspunkt ginn. En Numm, eng Stad, en Datum. Einfach esou, matzen am Gespréich. Ob e wuel mierkt, datt ech mal à l'aise sinn? Ech mengen net, soss hätt e schonn eng kleng Bemierkung an déi Direktioun gemaach. An iwwerhaapt: ech fannen, datt ech d'Situatioun nawell gutt am Grëff hunn. Et grenzt jo scho bal un Theater. Faszinant, wéi ee sech mat neutralen Aussoen a Froe kann iwwer Waasser halen. Neen, dee mierkt bestëmmt net, datt ech net méi weess wouhi mat ëm. Gutt, datt meng Fra eis de Réck dréint a mat anere Leit potert. Net auszedenken, wann elo och nach de Partner misst virgestallt ginn. Da wier et awer eriwwer mat der Show.

Gutt zéng Minutten ënnerhale mer eis elo schonn. Ech sinn allerdéngs nach keen Zentimeter viru komm, wat d'Sich no der Identitéit vu mengem Vis-à-vis betrëfft. Muer de Moie fält e mer bestëmmt nees an. Oder soll ech einfach mol de Courage an zwou Hänn huelen a froen? Zouginn, datt ech … dee ganzen Zäiten elo … neen – dat geet net, duerfir ass et elo ze spéit. Da komm, looss mer d'Gespréich galant an diskret op en Enn bréngen an hoffen, datt ëm wierklech näischt opgefall ass. Majo dann, flotten Owend nach ! Allez ...

Eng Minutt huet et gedauert, an du wosst ech et. Neen, net den Numm. Deen ass mer bis haut nach net agefall. Mä ech si mer bal sécher, datt et him grad sou gaangen ass ewéi mir. Datt mer elo allen zwee erliichtert sinn, datt kee sech eng Bléisst ginn huet. Hoffentlech war et eis eng Léier. Dann ass et bis d'nächste Kéier.

Apropos: Koertext