Nom Viruerteel soll een sech en Uerteel maachen!

Et verpasst ee Villes wann een sech hannert sénge Viruerteeler verschanzt, mengt de Fernand Mathes:
Ech weess net wéi et iech geet, ma ech di mech heiansdo schwéier fir anzwousch hin ze goe wou ech nach net wor. Well ech mengen, ech déit mech schlecht erëmfannen, et wier geféierlech oder ruppeg. Jee et gëtt yet Virurteeler, déi mech vun esou Plazen ewech halen an déi ech da lapidar ofhaken; dat muss de net gesinn hunn! Definitioun vum Viruerteel seet, et entstéing, wann een sech eng Meenung iwwer eppes mécht ouni sech mat der Saach auserneen ze setzen. Dat wëll ee sech jo net soe loossen an et deet ee gutt drun heiansdo iwwer säi Schiet ze sprangen. Dat hunn ech viru Kuerzem och gemaach a si mat 2 Kollegen op Marseille gefuer, engersäits aus Virwëtz, well am Donscht vun der europäescher Kulturhaaptstad 2013, Marseille vill positiv Echoe kritt huet, anersäits, well ee vun de Copain en vu jee hir fir Massilia schwäermt a dat als Guide (ouni Viruerteeler) och bewisen huet.
Marseille koum bis Dato fir mech net a Fro, Kriminalitéit, Chaos, Knascht, Kaméidi, jee a menger Schierbel souzen all déi kleng Viruerteeler fest a si séizen och elo nach do, wann ech se net am „vieux port“ iwwer Bord gehäit hätt. Marseille ass am Gang sech nei z'erfannen, zanter 1995 gëtt hei de gréisste Staat-Entwécklungsprojet aus Europa ëmgesat a bis 2020 wëllen d'Urbanisten den ëffentleche Raum nees fir d' Awunner zeréckgebaut hunn. Zum Deel ass dat scho geschitt, eleng d' Verkéiersberouegung am vieux port ass fir d' Leit, ausser den Automobilisten, ee grousse Schrack no fir. De Panier ass wuel nach fill Schantjen, ower et spiert een, dat hei eng nei Liewesqualitéit entsteet an datt et och elo schonn der Wäert ass dat z'entdecken. D' Canebière, d' Notre Dame de la Garde, d' Calanques, den OM géint Toulouse, d' Frendlechkeet vun de Leit (wa se bis wëssen, datt s de net vu Paräis kënns)... meng Prejugéen si vum Mistral ewechgeblose ginn.
A wéi wann et nach néideg gewiescht wier, dee läschte Quäntche Viruerteel ass mat engem Cliché d'Strass ofgaang: enger excellenter bouillabaisse am vieux port.
Wann der, esou wéi ech, Marseille haaptsächlech aus dem Asterix oder dem roman noir kennt, wier et elo un der Zäit et z'entdecken.