Denkt een u Begrëffer, déi net grad frëndlech oder positiv connotéiert sinn, da gehéiert 'Lecken' sécherlech dozou a klengt net fir näischt oft haart a vulgär. Dat ass vläicht net schéin ze héieren - gehéiert awer zum Liewen: et ass ëmmer schonns geleckt ginn. Vum Wonne Lecken aus antiseptëschen Grënn iwwert dat blann verléiften Lecken hannert dem Schoulhaff, bis op d'Schaff wou et wichteg ass, datt och Carrière wéi geleckt leeft, an dat bis an déi héchst politesch Kreesser. Dobäi kënnt et oft zu Niewewierkungen op déi ee gutt oppassen muss: onnéidegt Geschmiers.

An der Schoul kënnen d'Schüler sech elo eng Woch vum Lecken erhuelen – allzäit déi wou am 1ere- oder 13e Examen sinn. Laang virun der Reform huet Politik schonns un der Qualitéit vun der Bildungsoffer geschafft an déi eng oder aner Innovatioun agefouert. Eng dovunner wär d'Anonymiséirung vun den Ofschlossexamen. Do wou fréier de Numm a Virnumm stoung, gëtt elo no enger Nummer gefrot. Mam Problem, deen esou Nummeren ëmmer hunn: et huet een sech schnell verschriwwen, vertippt oder se einfach vergiess. Wat bei Kreditkaarten a Passwierder mat engem Telefon bei der Bank oder der Informatik ka gekläert ginn, ass am Fall vun engem Ofschlossexamen net sou einfach. A fir op all déi Eventualitéiten virbereet ze sinn, gouf um staatlechen Examen-Pabeier eng Sécherheet agebaut – an zwar den Eck riets uewen um éischte Blat vun all Farde. Dësen Eck besteet aus Pabeier, deen net duerchliicht ka ginn an huet zwou Sträifen Pech, déi mer nach all vun Enveloppen an Timberen a gudder Erënnerung hunn. Fir d'Kopie also erëm anonym ze maachen, kënnt een net derlaanscht dës Sträif ze befiichten, wat gemengerhand duerch lecken geschitt. Déi meescht Schüler liwweren sou fräiwëlleg eng DNA-Prouf of, an deen een oder aner Enseignant stellt sech heiansdo d'Fro, ob eng bakteriell Infektioun sou net de Wee duerch d'Land ka maachen – souzesoen staatlech organiséiert. Wien sech ze schued ass, fir ze lecken oder fäert déi DNA-Prouf kinnt al Läichen aus dem Keller huelen, kritt vun der Schoul Pech – also op nei-lëtzebuergesch e Pritt - zur Verfügung gestallt.

Frot der also am Frëndeskrees no, ob am Examen alles wéi geleckt leeft – dann erféiert net, wann der eppes vu lecken a pechen vu Blieder erzielt kritt an eréischt beim zweete Versuch eng Äntwert op déi Fro kritt, déi der stelle wollt: nämlech, ob den Examen gutt leeft; also wéi geleckt mat oder ouni Pech an Haaptsaach ouni Päsch.