Männer, déi ënner Tréinen op der Strooss zesummebriechen. Fraen, déi sech vu Verzweiwlung d'Hoer vum Kapp räissen. Wellfriem Leit, déi sech an engem Ufall vu kollektiver Hysterie géigesäiteg d'Äerm falen. Kanner, déi mat Entsetzen an den Aen nach just eidel viru sech hikucken, wéi wann hinne grad hir ganz Zukunft gestuel gi wär. Biller, wéi een se eigentlech just aus Nordkorea kennt, wa fir d'Vollek mol rëm eng Kéier d'Welt zesummebrécht, well de Kim Jong Un grad de Schnapp huet.

Wat war geschitt? Et ass kee gestuerwen, de Ballverein Borussia huet just ee Spill verluer. An d'Leit, vun deenen ech schwätzen, sinn net d'Aktionäre vun där Firma, mä Supporter. Fir mech ass et bleift et ee Rätsel, firwat ausgerechent Foussball, an net, soe mer mol Basket, Formel 1, Tennis, Petanque oder Curling därmoossen Emotiounen ausléist. Foussball, de Sport bei deem 22 tätowéiert Millionären engem Ball nolafen, an um Schluss déi Däitsch gewannen. Ee Sport, deen ëmmer rëm mat Korruptiounsaffären a Verbindung bruecht gëtt, sief et um Niveau vun der Fifa oder vun eenzelne Matcher, déi manipuléiert goufen.

An awer wäert et dëser Deeg an de Kantinnen duerch d'Land kee Gespréich ginn - op d'mannst mol ënner Männer -, wou net iwwert d'Spill vum Samschdeg geschwat gëtt, … wéi wa säin Ausgang och nëmmen déi geréngste Relevanz gehat hätt. Ech si mer relativ sécher, dass d'Welt net opgehal hätt mat dréien, oder d'Wieder besser gi wär, wann déi aner gewonn hätten. Dofir kommen ech och einfach net dohannert, firwat een als gudde Lëtzebuerger, wéi et schéngt, gebieden ass, seng Loyalitéit mat engem Bundesliga-Veräin ze deklaréieren. Beim Smalltalk hëlleft eng genee Kenntnis vun der usbekescher Fussballszeen op alle Fall net immens weider, wat wahrscheinlech dorunner Leit, dass d'Bildzeitung, déi zu Lëtzebuerg kee liest, nëmme ganz rar iwwert den usbekesche Foussball ze beriichte weess.

Ech froe mech, ob AHA sech no de Kierchen net och mol d'Supporterclibb virknäppe sollt, bei all där reliéiser Veréierung, déi d'Fans hire Spiller entgéingtbréngen. Ech fir mäin Deel maache mech lo mol besser vum Terrain, éi nach ee vun deene sëlleche Lëtzebuerger Bayern-Apostele kënnt a mech der Blasphemie uklot ...