Jo, ech weess d'Thema ass am Fong schonn al, net méi aktuell, kale Kaffi. Schonn 2 Woche sinn et hir, datt eng vun de attraktiivste Fraen op der Welt e ganz ongewéinleche Coming-Out gemaach huet. D'US-Actrice Angelina Jolie, Mamm vu 6 Kanner a Fra vum Fraeschwarm an Acteur Brad Pitt huet offiziell matdeele gelooss, datt si sech prophylaktesch hir Brëscht amputéiere gelooss huet. Aus Angscht viru Kriibs, e Risiko, dat si Analysen no, zu 88% a sech dréit.Ech war mer moies, wéi ech et fir d'éischt héieren hunn, net sécher, wéi ech sollt mat där Nouvelle ëmgoen. Ech ginn och zou, datt d'Angelina Jolie net grad zu menge Liiblingsactrice gehéiert an datt deen Hype ronderëm d'Glamour-Koppel „Brangelina“ mech méi generft huet, wéi intresséiert. An indirekt ass mer an de Kapp komm, wat wëllen se dann elo erëm? Schonn nees dem Rescht vun der Welt en Zeeche setzen, wéi ideal dach alles bei hinne leeft.

An dunn op eemol: ëm Gottes Wëllen nee, déi sou perfekt Super-Mamma mat den erotesche Lëpsen huet do dach eppes ganz Aussergewéinleches gemaach. Am Fong huet se hir eege Weiblechkeet geaffert, wann ech dat esou nenne kann, fir sech selwer e Stéck Liewesqualitéit ze erhalen, sech an hire Kanner. Fir net d'Schicksal vun hirer eegener Mamm z'erliewen, déi 10 Joer laang géint Broschtkriibs gekämpft huet a mat 56 Joer gestuerwen ass.

An ier Rumeuren a Gespréicher opkoumen, ass se an d'Press gaangen an huet der Welt matgedeelt, wat geschitt ass a firwat!

Domadder huet se wuel och Diskussiounen ausgeléist. Derfir an dergéint!

Si huet Versteesdemech a Kritik provozéiert. Solle mer dann elo all aus Angscht eis operéiere loossen?

Oder: endlech en Tabu gebrach- den Tabu vun der Broschtamputatioun, ënner deem nach ëmmer vill Betraffener leiden, well se fäerte keng richteg Fra méi ze sinn, och wann hautdesdaags d'Broscht nees kann ästhetesch opgebaut ginn

D'Angelina Jolie ass eemol wéi d'anert Mol eng attraktiv Fra a si wäert hir weiblech Ausstralung an hire Rollen och net verléieren.

Och wann ech net onbedéngt e grousse Frënn vun hire Filmer wäert ginn, ass se mir lo méi no: kee Superweib, mä einfach e couragéierte Mënsch.

Virgëschter ass iwwregens d'Tatta vum Angelina Jolie gestuerwen: u Broschtkriibs.

Apropos "Angelina"