Lëtzebuerg stoung an der lescht dacks an den internationale Schlagzeilen esouguer kierzlech an der New York Times.

Mir wëlle bleiwe wat mer sinn, dës Textzeil aus dem Refrain vum Michel Lentz sengem Feierwon aus dem Joer 1859, e Lidd wat geduecht wor fir den éischten Zuch ze feieren, weist sech Haut als Retourkutsch. Net méi spéit, wéi d' läscht Woch e Mëttwoch huet de Journalist Andrew Higgins dës Zeil als Ophänkert fir en Artikel an der „NY times“ geholl, wou et ëm d' Steierparadäis Lëtzebuerg goung. E mengt do gläich am Ufank vum Artikel, dat et schrecklech muss sinn fir e Land wéi Lëtzebuerg, den Informatiounsaustausch mat den internationale Steierbüroe weiderzedreiwen, wann den nationale Motto heescht: “We want to remain what we are” — dat wier am Fong e Credo fir sech géint all Changementer ze wieren. Ech weess et dierf een de Journalisten hir Ophänkerten net op d' Goldwo leeë ma anerersäits steet eise Motto: „Mir wëlle bleiwe wat mer sinn“ jo fir eis Stabilitéit, déi mer ëmmer nees als Argument uféiere fir d' Héich-Finanz am Grandüschi ze versuergen….

Zeenewiessel: Ech wor e Méindeg den Owend am Stadion bäi der Ouverture vun de Spiller vun de klenge Länner an och do ganz kloer an däitlech eng Linn: „Mir wëlle bleiwe wat mer sinn“ eleng scho wat de musikaleschen Deel ugoung. Bal exklusiv Adaptatioune vun ale Lëtzebuerger Weisen op Big-Band getrimmt, vum Kanonéier bäi d' Kättche vun der Musel, dem Feierwon a last but not least dem Hämmelsmarsch, wat jo och nach gepasst huet, well eng vun den Attraktioune wor e klengen Trapp Lëtzebuerger Hammele mat hiren 2 Hierten, déi gemittlech iwwer de Wues vum Stadion getrappt sinn. Den éischte Moment duecht ech; dat kann dach net sinn, ma um Enn hunn ech d' Iddi ganz flott fonnt, mir sinn eben esou. „Mir wëlle bleiwe wat mer sinn“.

Mäin zweete Gedanke goung ower dunn bäi d' Hammelen aus dem Film vum Schwéngche „Babe“, déi haten nämlech hiren eegene Glawenssaz, dir erënnert iech vläit:
„Mäh, dir Schof, mäh dir Schof, bleift trei ärer Rass an ärem Glawen, och am Schlof, mäh dir Schof....“

Apropos "Mir wëlle bleiwe wat mer sinn"