D'Geschicht vum Marathon

Nächste Weekend ass et rëm sou wäit. Dausende Leit wäerten sech um Kierchbierg zesummefannen, fir der glorräicher Victoire vun eise Frënn de Griichen iwwer dem Ahmadinejad sengem Virgänger Dareios I. seng Truppen am Joer 490 viru Christus bei der Stad Marathon ze gedenken. Deemools hu se sech zu Athen den Oosch aus der Box gefaart, net, dass den IWF hinne kee Geld méi léine kéint, mee dass d'Perser komme géifen, fir se ze plëmmen. Well et déi Zäit nach keen Internet, kee CNN, an nach net mol Radio gouf, huet sech, kaum dass feststoung, dass d'Griiche gewonn haten, e gewësse Pheidippides, haut géif e wuel Kevin heeschen, op de Wee gemaach, fir déi gutt Noriicht an d'Haaptstad ze bréngen.
Well e wosst, dass op der Autobunn de ganzen Zäit Stau war, d'Zich ëmmer Verspéidung hunn, an d'Vëlospisten a Griicheland absolut net mat deenen an der Stad ze vergläiche sinn, huet e sech entscheed déi Streck, ronn 40 Kilometer, ze Fouss zeréckzeleeën. Lo war hie kierperlech wuel net vill méi fit, wéi déi meescht, déi de Weekend um Kierchbierg untrieden, an sou koum et, dass en et nëmme mat knapper Nout a vill Péng op Athen gepackt huet. En hat nach just genuch Kraaft fir seng Noriicht z'iwwerbréngen, an ass dunn, op der Plaz, vun Ustrengung dout ëmgefall. Sou erzielt et op d'mannst de griichesche Schrëftsteller Lukian.
D'Leit déi ronderëm stoungen hunn dat sou flott fonnt, dass se decidéiert hunn, dat och ze probéieren an ee Sport draus ze maachen. Domadder wär dann och gekläert, wou de Sproch „Sport ass Mord“ hierkënnt.
Bis haut weess keen, firwat deen Iesel vu Pheidippides sech eigentlech därmoossen ugestrengt huet fir Heem ze lafen, dass ëm dobäi definitiv d'Loft ausgaang ass. Ëmmerhi waren et jo d'Griichen, déi de Perser et lafe gelooss haten, an net ëmgedréit. Et war also net, wéi wann et op all Sekonn ugaange wier.
Mam Marathon ass et wéi mat villen anere Saachen och: wann et een alleng ass, deen et mécht, ass deem eigentlech net méi ze hëllefen, ... mee wann et der bis genuch sinn, da kréien se gehollef. Dass et an dësem Fall grad eng Bank ass, déi hëlleft d'Erënnerung un ausgerechent ee griicheschen Triumph héich ze halen, gehéiert dobäi wuel zur Ironie vun der Geschicht.