Déi Gréisst vun deene Klengsten

D'Péngschtvakanz ass eriwwer, déi eng Halschent vun de Lëtzebuerger ass vun der Croisière an déi aner Halschent aus der Euphorie erëm.
"Wat ass dann hei lass?", hunn ech mech nach e Samschdeg de Mëtteg gefrot, wéi ech an der Coque war bei de Finalle vum Beach-Volley, vum Volleyball a vum Basket. Virun zwou Woche wosst nach quasi keen am Land, datt d'Spiller vun de klenge Länner zu Lëtzebuerg wieren - sou wéineg Reklam war derfir gemaach ginn, sou wéineg waren dës Spiller visuell ze spieren, sou wéineg war gewosst wéini, wou, wéi eng Competitioune wieren. A wier net déi politesch Diskussioun enstanen, ob Zypern duerch déi finanziell Situatioun vum Land géif kommen, wier wuel nach manner gewosst gewiescht. De Saz "Are you ready for the games?" hat riskéiert, eng kloer Äntwert ze kréien: NO!
Elo sinn d'Spiller eriwwer a si gi mat engem extrem positive Bilan ofgeschloss: Lëtzebuerg ass fir d'éischte Kéier op der éischter Plaz vun dem Medaile-Spigel an d'Ambiance op a ronderëm d'Competitioune war scho bal phenomenal. Do kann ee sech dann d'Fro stellen: Also hu se awer alles richteg gemaach? JO, mä de "se" bezéien ech awer an dësem Fall kloer op d'Sportler, déi einfach gutt Performance gewisen hunn, an op de Publikum, deen um Rendez-vous war.
Hunn d'Performancen de Publikum ugezunn, war et d'Wieder, dat eigentlech déi bescht Roll gespillt huet: e Méindeg gutt fir d'Erëffnung, déi aner Deeg manner gutt, sou datt owes d'Hale voll waren, well dobaussen hat wuel kee Loscht sech laang opzehalen. Um Enn huet de Publikum d'Funktioun vun de Public Relations wuel selwer erfëllt.
Vläicht sinn et och all dës Elementer, déi zesummekommen, ma vrun allem war et d'Begeeschterung, fir e Fest zesummen ze feieren: d'Fest vum Sport.
D'Fest vun de klenge Länner, well trotz der grousser Begeeschterung, muss een um sportleche Plang awer ëmmer bescheide bleiwen: bei de Klenge si mer den Ament déi Gréisst. Chapeau fir all Medailen!
Soubal déi Grouss derbäi kommen, musse mer wuel awer nees méi kleng Bréidercher baken. An dat geet ganz séier. Wann ech, nëmme ganz banal op eisem Internet-Site kucken, wéi eng Sportssäit gëschter am meeschte kommentéiert gouf, da war et den Triplé-Gewënn vu Bayern München.