De Bierg rifft ...

D'lescht Woch gouf jo vill un de Sir Edmund Hillary erënnert, dee viru 60 Joer zesumme mat sengem Sherpa als éischte Mënsch um Sommet vum héchste Bierg vun der Welt stoung ...
Tenzing Norgay! Deen Numm ass bei mir hänke bliwwe well et viru gutt 12 Joer déi korrekt Äntwert op déi éischt Milliounefro beim Günther Jauch war. Den Numm vum Sherpa, mat deem den Hillary also 1953 de Mount Everest eruewert huet.
Apropos Numm: benannt ass de Kinnek vun de Bierger jo nom britesche Geograf George Everest. Am Nepal soen se "Sagarmatha", wat esou vill bedeit ewéi "Stier vum Himmel" an am Tibet schwätzen se vum "Qomolangma", der "Mamm vum Universum". Schonn alleng déi 2 Nimm soe genuch driwwer aus, wat deen 8.848 Meter héige Bierg de Mënschen dohannen am Himalaya bedeit.
D'lescht Woch goufen effektiv eng ganz Rei interessant Reportagen iwwert de Mount Everest gewisen. Den Exploit vun Hillary an Norgay viru 60 Joer, den Duo Messner an Habeler, déi et 1978 ouni Sauerstoffmask gepackt hunn oder d'Fro, ob de Britt Mallory net schonn 1924 ganz uewe war. Déi éischt Fra, 1975 ... dee jéngste "Bezwénger" - 13 Joer, deen eelste mat 80, déi éischt bestuete Koppel op der héchster Kopp, deen éischten Everestkloterer mat enger Behënnerung, dee Séiersten huet 8 Stonnen an 10 Minutte gebraucht, asw. ... net ze vergiessen: den Eugène Berger, deen 1992 als éischte roude Léiw um héchste Punkt vum Planéit eist Land an d'Statistik agedroen huet. Bis haut waren eng ronn 6000 Mënschen um Everest, dat maachen der an der Moyenne 100 d'Joer. An der Rekordsaison 2007 sinn der souguer iwwer 600 eropgeklommen an ukomm. 1 vu 5 packt et, 300 mol ass d'Aventure bis haut déidlech ausgaangen. Genuch där Statistik.

Wat mech bei engem vun deene Reportage wierklech beandrockt, fir net ze soe schockéiert huet, war e Bild vun engem Stau. Eng Schlaang vun ongeféier 100 Alpinisten, déi ganz gedëlleg an hire faarwegen Anoräck drop gewaart hunn, datt et soll weider goen. En anert Bild vun engem Basislager, wou een Zelt sech widdert dat anert dréckt. Eng Spillplaz oder fir et nees an de Kontext vum Stau ze bréngen: eng Raststätt, laanscht d'Autobunn an Direktioun Daach vun der Welt. Op d'Ëmweltverknaschtung, déi bei deem Massentourismus noutgedrongen net ausbleift, brauch ech wuel net weider anzegoen.
Aus eegener Kraaft packen déi mannst et. Wéi praktesch, datt ee sech mëttlerweil fir e puer Dausender op deen héchsten Aachtdausender kann erop- an nees erofschleefe loossen. Woumatter mer dann nees bei der Milliounefro wieren: wéi vill géingt Dir ausgi fir eemol am Liewe kënne ganz uewen ze stoen?
Neierdéngs kann een den Tripp och via Smartphone-App als virtuell 3-D-Rees erliewen. Dat gëtt éischtens méi bëlleg an et banaliséiert de Mythos net. No risk but a lot of fun !

