Vum selwe geet näischt a scho guer net wat déi zwëschemënschlech Relatiounen ugeet, Fernand Mathes

Besonnesch déi, wëlle geheegt gefleegt ginn! Ma wéi dacks huet een dat schonn héieren an et ower net ëmgesat? Et ass wéi mat Villem, et gëtt een sech es eréischt richteg bewosst, wann et ze spéit ass. Ech hu virun zimlech genee engem Joer ee laangjärege Jugendfrënd vu mir, zu Palma um Fluchhafen erëmbegéint. Mir souze während dem Vol zesummen a mir haten en extrem intensivt Gespréich mateneen.

Mir hu weess Gott net nëmmen an der Nostalgie geschwelgt an eis un eis „Heldentaten“ vun deemools erënnert. Am Géigendeel, am Meeschten huet mech beandrockt, wéi jidderee vun eis zwee iwwer déi laang Jore verzielt huet, wou mer eis net méi gesinn haten. A well déi Frëndschaft zimlech déif wor, hu mer och kee Blat virun de Mond geholl an éierlech iwwer dat geschwat, woumatter s de dech net bretze gees. Jidderee vun eis Béid hat ähnlech schwiereg Situatiounen ze meeschteren, ähnlech Krisen hannert sech gelooss, je Freed a Leed wéi all Mënsch. A well mer sengerzäit ëmmer gutt zesumme gefunkt hunn, wor et einfach spannend ze héiere wéi jiddereen op seng Aart a Weis mat de Situatiounen ëmgaangen ass a säi Liewe gemaach huet. Dat ass mer och nach laang duerno a bis Haut am Kapp ronderëm gaang an ech wor mer och direkt no eisem Gespréich bewosst, wéi wäertvoll esou Relatioune sinn, och wa se laang entschlof woren. Et muss ee seng Frëndschafte fleegen, heiansdo de Allerbeschten hiewen, en Effort maachen an déi Leit opsichen, déi engem wierklech eppes bedeiten. Dat ass sécher méi ustrengend, wéi e sozial Liewe mat Smalltalk a mat der Kippchen an der Hand, dofir ower och vill méi wäert.

Mir haten eis virun engem Joer d'Wuert ginn, a Kontakt ze bleiwen, wat ech eng éischt Kéier schonn no 3 Woche gemaach hunn, 1 Mount méi spéit hu mer eis nach eemol gesinn a kee vun eis wor enttäuscht mir hunn nach gemengt et wier flott, datt mer eis erëm fonnt hätten, ma duerno huet den alen train-train eis nees erwëscht a mir hunn eis nächst Rendezvous en ëmmer nees verréckelt, wat mer haut schwéier um Mo läit!

Et wor elo drop an drun, datt mer eis nees sollte gesinn, ma elo ass e fort mäi gudde Frënd vun deemools, an ech kann ëm just nach noruffen: Merci fir déi gutt gemeinsam Zäit....

Apropos "Frëndschaft muss ee fleegen"