Op Facebook gi jo regelméisseg Aktioune gestart, vu Leit déi gären eppes zu Lëtzebuerg hätten: eng Burgerbud, ee Foussballstadion, Clownen op der Insel (oder war et an der Chamber ?), ee Starbucks, en Hardrockcafé, ee Streik an der Schoul.

Ech hätt do och eng Suggestioun: Femen. 2008 an der Ukrain gegrënnt, huet des Protest-Organisatioun haut Branchë quiersch duerch Europa, a souguer an Tunesien. Regelméisseg gesäit een hir Memberen an der Press, hallef plakeg, an d'Sloganen direkt op de Kierper gepinselt. An allen 3 vun eisen Nopeschlänner ass Femen aktiv, just bei eis net. An dobäi sinn d'Viraussetzunge grad ideal: d'Wieder ass endlech waarm genuch, fir Torse Nu ze manifestéieren, a Skandaler hu mer och genuch, géingt déi et sech loune géif op d'Strooss ze goen. Leider si se bei Femen e bësse sexistesch, an huele just Fraen als Member un, soss géif ech mam gudde Beispill virgoen.

Meng gréissten Hoffnung hänkt jo momentan um Léierpersonal. Dat ass bekanntlech amgaang sech ze iwwerleeën op et net vläicht streike wëll nach kuerz virun der Vakanz, dozou gehéieren da jo och Manifestatiounen, soe mer virum Educatiounsministère, an d'Fraequot am Enseignement léisst drop schléissen dass Femen, statistesch gesinn, hei gutt Chancen hätt e puer Aktivistinnen ze rekrutéieren. Sécher, de Veräin huet héich Uspréch. Ech hu bis ewell nach keng Femen Aktivistin gesinn, déi net och bei enger Miss Wal hätt kënnen ofraumen. Als engagéierte Feminist fannen ech dat gutt sou, well et dozou bäidréit dass grad och d'Männer net sou séier ewechkucken, fir déi eigentlech Problemer ze ignoréieren.

Ech hunn op alle Fall keen Zweifel drun, dass et och zu Lëtzebuerg engagéiert Frae gëtt, déi de Critèren entspriech géifen. Ofgesinn dovunner géif et hëllefen eist Land mol rëm an déi international Press ze kréie mat engem méi interessante Sujet wéi deem éiwege Gestëppels iwwer d'Steieren an d'Bankgeheimnis. Oder mir kéinten innovéieren, an no Femen MENEM grënnen, ganz am Sënn vun der Gläichberechtegung. An da just an de Strëmp virun de Siège vum SREL manifestéiere goen, fräi nom Motto: heihinner mat der plakeger Wourecht! An dann als Äntwert géife mer wuel de Plakege gewise kréien …