Heesprénger iessen

Mir iessen ze vill Fleesch. Dat seet net e konvertéierte Metzler, mä d'FAO, der UNO hir Organisatioun fir d'Ernährung an d'Landwirtschaft. De Problem mam Fleesch ass, dass et aus doudegen Déiere besteet, Déieren, déi an hirem kuerze Liewe virum Schluechthaus nawell zimlech vill friessen an drénken, a klimafeindlech Fierz lassloossen. Dat ass soulaang gutt gaang, wéi mer nach net zu sou vill waren op der Welt, mëttlerweil si mer ronn zu 7 Milliarden, an nëmmen eng Minoritéit gehéiert zur Sekt vun de Vegetarier. Déi aner wëlle Fleesch tëscht d'Zänn, a well ëmmer méi Leit refuséieren aarm ze bleiwen, -nach net mol méi op d'Afrikaner ass verlooss wat dat betrëfft-, kënne sech der och ëmmer méi dat Fleesch leeschten; däers muss also ëmmer méi produzéiert ginn, an iergendwa stéisst de Planéit sou u seng Grenzen.
Déi eng Léisung wär ze soen, da kucke mer ebe fir de Bevëlkerungswuesstem an de Grëff ze kréien, mä de Malthus schmort an der Hell, an dofir proposéiert d'FAO dass mer dann ebe manner klassescht Fleesch, a méi Insekten iesse sollen. Insekte sinn nämlech gesond a lecker, an fuerze wäit manner wéi Randbéischter a Schwäin. Iergendwa wäert da wuel op déi 2 leschtgenannt eng CO2 Steier kommen, fir eis de Konsum vun Insekten och finanziell méi appetitlech ze maachen. Geld geet bekanntlech duerch de Mo. Oder war et d'Léift? Ma dat ass jo dach oft dat selwecht.
Ech si ganz dofir. Leit déi scho kee Päerd aus hirer Lasagne erausschmaachen, fält et bestëmmt och net op, wann se Heesprénger mat drakréien. D'Mécken am Summer gesi mer op eemol net méi als Plo, mä als leckere Snack mat Flilleken. Wie Kakerlaken am Hotelszëmmer lafen huet, hat sech vläit einfach d'Iesse bei d'Bett bestallt. Haut priedege mer de Kanner beim BBQ, si sollen oppassen, dass se keng Harespele mat an de Mond kréien, muer sinn d'Harespelen de BBQ. Haut stellen d'Leit alt mol sou Douse mat Pudder op, fir d'Seechomessen unzelackelen an ze vergëften, muer ass an där Dous kee Gëft, mä Gewierzer, an d'Seechomes kuerz drop an der Pan.
Leiden déi dann net, wa se lieweg gekacht hin? Souguer wann … ech géif elo scho léiwer ee knusperege Keefer wéi ee schläimege Schleek oder eng sabbeleg Auster iessen. Just am Supermarché muss dat skurril ausgesinn, wann déi Krabbeldéiere wéi d'Uebst an de Këschte leien, ... „Meeschter, 300 Gramm Ouereschlëffer wann ech gelift“ … wat mécht een net alles fir dem Klima ze hëllefen !