Verfallsdatumer vun Identitéitskarten

Alles geet d'Bach an. Den Nationalfeierdag op ee Sonndeg leeën, wie mécht da sou eppes? Do ass engem jo nach net mol méi eng Bréck gegënnt, wat soll dat dann? An awer: Mir wëlle bleiwe wat mer sinn, wat och ëmmer dat ass. Wat, virun allem awer wie mer sinn, steet op eiser Carte d'Identité an/oder an eisem Pass.
Dofir wonneren ech mech och ëmmer erëm, dass déi Denger kënnen oflafen, an dann néirens méi acceptéiert ginn. Firwat däerf een eigentlech mat enger just ofgelafener Kaart net méi an ee Fliger klammen? Geet et net drëm ze wëssen op deen, deen do wëll matfléien och deen ass, deem säin Numm um Ticket steet? Doriwwer ka jo wuel keen Zweiwel bestoen, just well eng Zuel op engem Stéck Plastik net méi passt. Et gëtt och keng Strof ënnert där een d'Identitéitskaart géif ofgeholl kréien, oder de Staat engem refuséiere kéint eng nei auszestellen.
Mat der duebeler Nationalitéit kann een der souguer puer mateneen hunn. Wat ass da wann déi eng ofgelaf ass, an déi aner net? Dat géife bestëmmt witzeg Gespréicher op der Douane. Wëllt der als Lëtzebuerger fléien oder als Kanadier? Als Lëtzebuerger däerfe mer iech net eraloossen, mä äre kanadesche Pass ass an der Rei. Dee Moment musst der mer just erklären, firwat der als Kanadier ee lëtzebuergescht Kand bei Iech hutt ... A verschiddene Länner gëtt jo souguer verlaangt, dass de Pass, deen Dag wou ee wëll areesen, nach 6 Méint gutt ass... souguer wann ee just fir eng Woch wëll dohinner. Fäerten déi, dass ee soss net méi dee selwechten ass, wann een iere mat Verspéidung heemflitt? Oder dass een duerno mam dann ofgelafene Pabeier an der Heemecht net méi eragelooss gëtt, an als „Sans Papier“ rëm zréckgeschéckt gëtt?
Wat genee kann dann eigentlech oflafen op der Identitéitskaart? Den Numm? D'Gréisst? Anscheinend schrumpft ee jo mam Alter, mä bis ewell gouf ech nach bei kenger Kontroll nogemooss. Vläicht also d'Foto. Ëmmerhi soll een d'Leit jo erëmkennen um Bild. Mä wie gläicht schonn där Verbriechersfoto a sengem eegene Pass? Ofgesinn dovunner, um Führerschäin ass och eng Foto drop, an deen ass 30 Joer gutt. Mä dat ass jo och net méi wouer mat deenen neien aus Plastik, déi si schonn no 10 Joer rëm verbrannt. Firwat eigentlech? Ass dann d'Batterie eidel? Iergendwa kréie mer wuel einfach een Chip ënner d'Haut geplanzt. Dee kann een net verléieren, e kann net oflafen, an de SREL kann ëmmer kucke wou ee grad drun ass.