Ech liese gär Krimien, ech kucken och gär Thriller oder loosse mer spannend Geschichten erzielen. Déi kënne psychologesch déifgrënneg sinn, mënschlech verwäerflech, grausam, bluddeg, brutal, korrupt, iwwerspëtzt, iwwerspaant, irreal a wat net nach alles. Haaptsaach si kréien eng Opléisung an hannerloossen e wichtege Message, och wann en net ëmmer optimistesch ass. Mä dee beschte Mord ass deen an der Fiktioun, do wou een all Nidderträchtegkeet kann zouloosse fir se duerno z'erklären an zur Verantwortung ze zéien. All Béisheet, déi an der Phantasie geschitt, soll en Zeeche setzen, datt se an der Realitéit näischt verluer huet. An der Phantasie soll ee sech duerfen defouléiere mat senge klengen, heemlechen Däiwelen an déi sollen dann och do an deene Storye bleiwen. Op mannst hëlleft dat och ze gesinn, datt d'Liewen dach Gottseidank manner schrecklech ass. Op alle Fall ass et ze hoffen, och wann déi Theorie leider net ëmmer an net fir jidderee stëmmt.

An de leschten Deeg weess een awer beim beschte Wëllen net méi a wéi enger Welt ee grad sëtzt: do begéint een Ex-Duebelagenten, déi elo Deputéiert sinn; Procureuren, déi an dubiéisen Affairen iwwerwaacht ginn, Bommen, déi vum selwen detonnéieren, Geheimdéngschtler, déi alles op eege Fauscht oflauschteren a Politiker, déi näischt ze soen hunn. Pardon, dat heescht wuel éischter Politiker, déi näischt soen!

A Bierger déi sech froen, ob do net grad déi ganz aktiv Lëtzebuerger Filmindustrie amgaangen ass en Oscar-räifen Thriller ze produzéieren, an deem mer all iergendwéi matspillen ouni et ze mierken.

Hu mer wierklech bis elo an engem potemkineschen Duerf gelieft, also an enger Schäinwelt, déi eis déi richteg Welt gutt verstoppt an iwwermoolt huet?

Ech hunn den Ament mol opgehalen nach Krimien ze liesen oder an de Kino kucken ze goen. Ech fäerte soss weess ech op eemol och net méi, wou dann elo d'Dramfabrik a wou de SREL Regie féiert.

Apropos "Potemkin- e klengt Duerf zu Lëtzebuerg?"