Schwaarz a gro war gëschter. Endlech kënnt nees Faarf am Spill ...

Uff! Mir hunn et gepackt. Zanter knapp zwou Woche kann een endlech mol nees dat Wuert "Fréijoer" an de Mond huelen. An anengems och schonn der Virfreed op de Summer fräie Laf loossen. Ech weess jo net ob mer dann dëst Joer een ewéi aus ëm Billerbuch kréien, awer gro a langweileg gëtt e bestëmmt net. Ze verdanken hu mer déi Previsioun deem aktuellen Trend a Saache Moud. Sot elo net Dir hätt et nach net matkritt: de Summer 2013 gëtt faarweg a knalleg!

Dat war ee scho bal net méi gewinnt, geldiert? Laang genuch hu mer eis selwer an enger schwaarz-wäisser Garderobe agespaart, mat däischtere Pulloveren, Hiemer, Mäntel a Boxen neutraliséiert. Jo, ech selwer ziele mech och zu där "Donkelziffer". Dezent, elegant an virun allem: diskret. Black is beautiful. A mécht sou ganz niewebäi och nach schlank.

Mä neierdéngs fluppt et! Se sinn net z'iwwersinn, déi onerhéiert opfälleg Kleedungsstécker an de Butteker an deels och scho matzen am Vollek. Ufanks huet ee jo nach e bëssche verwonnert gekuckt, wann engem e grénge Paltong mat rouder Box entgéint koum, mëttlerweil deet et net méi wéi am A, och ouni Sonnebrëll.

D'Welt gëtt nees hell, grell, kontrasträich, einfach, direkt. Liewesfreed an Optimismus maachen sech breet. Endlech kann een opfalen ouni opzefalen. Grasgréng, knallrout, blo, giel, mof, orange ... vu gro a Co. keng Spuer. Ech war mer souguer selwer sou eng schaarf Box kafen, wat mer virun engem Joer net am Dram agefall wier.

Natierlech ass alles eng affaire de goût, mä kommt, mir genéissen den Ament. Well en hält jo net éiweg, dat ass d'Gesetz vun der Moud. Spéitstens am November verblatzt de Summertrend. Awer bis et souwäit ass kënnt elo mol zerguttst Faarf an d'Spill !

RTL

Apropos: Faarf am Spill