Lëtzebuerg ass Premium-Member bei der CAD – dat ass de Comité d'Aide au Développement vun der OECD.  Där hiren President, den Erik Solheim, wor Enn Mee zu Lëtzebuerg fir dem Grand-Duché als Musterbeispill an der Entwécklungshëllef op d'Schëller ze klappen. Dat deet gutt - och oder grad - well Lëtzebuerg an d'OECD net ëmmer eng 'success-story' wor, wéi mer nach vun de sëllechen PISA-Studien a schlechter Erënnerung hunn.Kuckt en eis aktuell innepolitesch Situatioun – virun allem Dyade SREL a Bommeleeër - da kann e just hoffen, datt am Moment keng international Kontrollinstanz seng Lupp op de Grand-Duché hält an d'Fro stellt: Wéi kann en demokratescht Land sou nohalteg – op 'premium-level' - international Entwécklungshëllef leeschten a bei sech selwer sou versoen, also onfäheg sinn, fir Entwécklung vun den eegene politeschen Strukturen an Institutiounen am Grëff zu hunn.  Wat als harmlos politesch Feelentwécklung duergestallt gouf, erweist sech als fundamental Entgleisung – fir net vun engem politeschen Inferno ze schwätzen.

Wuel net am Dan Brown sengem Sënn, wou den Inferno a Form vun engem Virusall drëtte Mënsch onfruchtbar soll maachen, fir dee Kollaps ze verhënneren, deen duerch ëmmer méi Mënschen mat ëmmer manner Ressourcen iwwer kuerz oder laanggéif entstoen.

Wanniwwerhaapt, dann hätte mer et an eisem nationalen Zeenario wuel éischter mat engem Virus ze dinn, deen iwwert Joerzéngten héich Beamten a Regierungsmemberen moralesch indifferent géigeniwwer deenen rechtsphilosopheschen an och soss demokrateschen Prinzipien mécht, déi eis, op d'mannst no baussen hin, sou wichteg sinn a fir déi souvill jonk Lëtzebuerger hiert Liewen am leschte Krich gelooss hunn.

Natierlech huet sou e Virus och e Géigemëttel: Bildung a moralesch Integritéit – woubäi mer op dem Punkt vun der OECD jo schonns méi oft eng schlecht Zensur ausgestallt kruten.

Sou geet een Gefill net lass, mir wieren als Musterbeispill fir Entwécklungshëllef selwer dach eng Banannerepublik. Mir hunn zwar weder Banannen nach si mer eng Republik – jiddefalls am Moment nach net -  an awer kann e froen: „wat kaschteBanannen?“ am Sënn vum Präis vun deene kromme Geschäfter.