D'lescht Woch hunn ech mech mat en etlech Paperassen erëmgeplot, näischt wat ech sou gär maachen, mä et muss nun emol sinn.  Meeschtens feelen engem dann déi néideg Informatiounen och nach an et muss een op d'Sich goen. Da bleift ze hoffen, datt een dee richtegen Ament dofir geréit

An net där Deeg een, wou een engem begéint, dee mam lénke Fouss opgestanen ass. Eppes wat eis jo alleguer geschitt: et ass een einfach schlecht gelaunt an et huet ee keng Loscht fir näischt. A fir datt och jiddereen am Entourage direkt gewarnt ass a deemno och jiddereen engem aus de Féiss kënnt, seet een dann nach: „Et ass haut net mäin Dag- et huet näischt mat dir ze dinn!“

Nee, huet et jo och net. Wann ee schlecht drop ass, huet et meeschtens eenzeg an eleng mat sech selwer ze dinn. Mir hu scho villes an der Hand, wann et drëm geet mat wéi enger Laun mer duerch den Dag ginn. Wie sech scho moies seet: „Haut gëtt dat näischt“ - dee ka sécher sinn, datt genau dat dann och antrëtt.

D'lescht Woch hunn ech den direkten Ënnerscheed tëscht engem gutt an engem schlecht gelaunte Mann- jo et waren all Kéier Männer- erlieft, wéi ech op zwou Plazen hannerteneen wéinst menger administrativer Fro ugeruff hunn. Deen éischte war einfach just generft- schonn ier ech meng Fro gestallt hat – an deemno krut ech och op déi Manéier meng Informatioun. Si war kuerz resuméiert: Mir sinn nach net esou wäit, dat dauert nach! Äddi

Deen zweeten Appel gouf net vun där Persoun opgehuewen un déi ech wollt kommen. Den Här déi aner Säit huet mer erkläert, ech sollt dann nach eemol méi spéit probéieren an duerno huet e mer nach e ganz schéinen Dag gewënscht.

Ech war paff a positiv iwwerrascht an hunn him dat selwecht gewënscht.

Datt deen éischten Appel an enger staatlecher Administratioun war an deen zweeten an engem private Betrib- wollt ech elo mol net kritiséieren- mir huet um Enn deen éischten Här bal leed gedoen.

Deemno: frëndlech sinn ass net nëmme fir den Interlocuteur schéin, mä och fir ee selwer. Domadder mécht ee sech seng Laun besser. A säin Dag!

Well e verluerenen Dag ass wierklech net mäin Dag!

AUDIO: Apropos "Haut ass net mäin Dag, oder dach?"