Et muss een oppasse wat ee seet, wann net, et gëtt ëmmer een, deen oppasst, Fernand Mathes.

An et muss ee virun allem oppasse wéi een eppes seet, well et kann ëmmer erëm géint dech agesat ginn. Et huet och kee Sënn sech ëmmer nees wëllen hanner Interpretatiounsdivergenzen ze verstoppen, well wann d'Divergenze bis aus der Welt sinn, gëtt erëm fläisseg interpretéiert an dann hänks de esou oder esou. Vill waarden elo op de Paradigmewiessel; an der Hoffnung dat mer eis da besser verstinn oder wéi?

Et kann een esouvill mat der Sproch zum Onwee maachen, zemol wann ee mat neomodernen Termë ronderëm sech schmäisst.

Méi einfach geet et jo och, wann een emol iergendeppes an d' Landschaft quakt a kuerz duerno behaapt, et wier ee falsch verstane ginn. Einfach emol e puer Sätz vu sech ginn an da kënnen d' Leit dat jo sortéieren, et ass fir jiddereen eppes derbäi, wien huet nach net, wie wëll nach emol.
Ech hu mech déi läscht Joren ëmmer erëm opgereegt, iwwer d' Aart a Weis wéi iwwer Twitter oder SMS communiquéiert gëtt, ma ech sinn elo um Punkt meng Meenung ze revidéieren. Wéi vill méi kloer a präzis wier eisen Ëmgang, wa mer just nach mat den Ofkierzungen aus dem Beräich géinge communiquéieren; z.B. Fro: Wiprobo / Äntwert: RQWF, heescht „right question, wrong forum“ a scho wier alles kloer och nach fir Joren duerno. Iwwregens wien d'Bedeitung vu: „Wiprobo“ erausfënnt, ass voll am Prozess dran.

Ech mengen dat wier d' Léisung, well ech traue mech emol net méi ze froen: „ wéi spéit ass et“ aus Angscht an e puer Joer virgehäit ze kréien, ech hätt een ënner Zäitdrock gesat. Oder wann s de am Restaurant sees: „et schéngt der jo geschmaacht ze hunn“, gëtt dat als Mobbing ausgeluecht an als Ursaach vun där Deprime, déi onweigerlech zu Iwwergewiicht gefouert huet.

Ech halen elo léiwer de Bak an halen et mam Lavoisier: « Rien ne se crée, rien ne se perd, tout se transforme ! », well nom Paradigmewiessel kënnt sécher nees déi nächst Interpretatiounsdivergenz an d'Konklusioun vum Antoine Lavoisier senger Maxime ass jo: „L'énergie se conserve“ - zemol déi negativ!