d'Méi mat der Maschinn ...

Dir wunnt an engem Appartementshaus? Da sidd der fein eraus! Ech kéint allerdéngs och soen: da feelt Iech eppes! Et sief dann Dir dierft oder musst Iech e puer Quadratmeter mat Ären Noperen deelen.
No deene groen an naasse Meewochen kommen se endlech nees an den Asaz. Meeschtens am spéiden Nomëtten, bal ëmmer Samschdes an heiansdo och mol um hellege Sonndeg, wann d'Gemeng dat net verbitt - dee Moment verwandelt sech, mat där néideger Phantasie, de Kaméidi dann och alt mol an eng Formel-1-Geräischkuliss.
Bon, ech ginn et zou: d'Relatioun zu menger Méimaschinn ass net déi allerbescht. Mir waren nach ni déi déckste Frënn a wäerten et wuel och net ginn. Mir ginn eens matenee well mer mussen. Eng Zweckgemeinschaft. Well ech eis Wiss hannert dem Haus net méi wéilt mëssen. A wann et och nëmmen ass fir e puer mol am Joer dobausse mat Frënn e puer flott Grillmomenter ze genéissen. Dowéinst gëtt dann eben 1 mol d'Woch op d'Zänn gebass a knapp zwou Stonne laang gedréckt, gezunn, gerenkelt, gekéiert a lamentéiert. De Schweess leeft de Réck erof, d'Hecken zerkraze Been an Äerm, Mécken a Stëbs kreese ronderëm de Kapp, de Bac ass schonn nees voll, Benzin ass och bal kee méi dran a wann d'Messeren dann och nach dee frësche Kéipche vum Noper senger Kaz erwëschen ass d'Motivatioun um Déifpunkt ukomm.
Et ginn Alternativen: e Gäertner engagéieren a bezuelen oder ee vun deene clevere Roboteren an d'Arena schécken deen engem dann dat ganzt Geschnëppels ofhëlt. Ech kennen der och déi hu sech e puer Schof zougeluecht - dat ass dann déi ganz natierlech Variant. Kënnt awer alles net a Fro, mir beméien eis selbstverständlech ëmmer nach selwer. Jo, mir - well meng Fra spillt och alt mol Pilot a mengt (mat Recht), ech sollt keng sou eng opféieren, esou schlëmm wier dat dach alles net. Herno ass ee frou, wann et gemaach ass an ëmmerhin huet ee jo och e Resultat, wat sech weise léist a wat ee mat grousser Zefriddenheet bewonnere kann. Déi puer Kalorien déi een anengems verbraucht si jo och gutt fort. An iwwerhaapt kommen engem während dem Méien déi flottste Gedanken an Iddien.
Dajee alt. Dogéint ass net vill ze soen, ech probéieren dann eben déi nächst Attack op de Wues mat méi Begeeschterung an Asaz ze plangen. Well et gëtt d'Zäit, datt d'Zäiten, wou iwwer alles Gras wuesse gelooss gouf, definitiv eriwwer sinn !
