De Mann vun der Strooss- Ciao Roland Kalté

Hien hätt ni gewollt, datt ech de Moien hei iwwer hie schwätzen! Do hält hien et mam berühmte Mann vun der Strooss, dee jo als leschten ëm seng Meenung gefrot gëtt. Dacks ass hien déi lescht Ulafstëmm fir déi, déi ongedëlleg iergendwou am Stop-and-go hänken oder verzweiwelt probéieren e Schläichwee ze fanne fir laanscht den nächste Stau ze kommen, deen hie schonn ugekënnegt huet. A grad dee Schläichwee war da kee gudde Choix, sou huet seng Stëmm et am Radio am nächsten Trafic-Info gemellt.
Jidderee vun iech huet him schonn opmierksam nogelauschtert, huet generft op seng Annonce reagéiert oder opgeotemt wann en ausser „Schaffes op den Autobunnen“ näischt ze mellen hat. Sécher wësst der vu wiem ech hei schwätzen- vun engem Mann, deem seng Stëmm der haut eng leschte Kéier „Live aus dem ACL“ héiert.
Haut ass dem Roland Kalté säi leschte Schaffdag, duerno geet hien a seng wuelverdéngte Pensioun- an där Stauen, Accidenter, Aquaplaning, Schnéiwicken, Zéifloss, Deviatiounen, zoue Barrièren, Camionen en panne, gespaarte Stroossen oder Leitplankegeflécks hoffentlech keen Thema fir hie sinn. Iwwer 30 Joer laang -sou genee weess keen dat méi- stoung säin Numm fir d'Situatioun op eise Stroossen. Datt am Laf vun der Zäit ëmmer méi Verkéier ginn ass, ëmmer méi Blechlawinnen ënnerwee sinn, ëmmer méi Gefierer vu moies fréi a bis owes spéit sech am Schleekentempo iwwer d'Lëtzebuerger Stroosse ploen, ass sécher keng „Success-story“ net fir d'Automobilisten, awer sécher och net fir de Kaltés Rol.
Hien huet op alle Fall ëmmer probéiert mat präzisen Annoncen a concernéiertem Engagement, awer och ëmmer mat frëndlechem Toun a gudder Laun jidderee gutt op seng Destinatioun ze kréien. Op alle Fall huet en ëmmer dofir säi Bescht ginn.
Lo soll dat Bescht fir hie grad gutt genuch sinn!
Fir deng Pensioun, Rol, wënschen ech der am Numm vun eis Automobilisten: Bonne Route! A bleif och weider nach de Mann vun der Strooss: sympathesch, onkomplizéiert, bescheiden, lëschteg a frëndlech!