Déi däischter Säit vum Mound

Eng Kichen am Nordwesten vun London am Dezember 1971. 4 Museker setzen ronderëm de Kichendësch – kucken domm dran an hunn d'Nues voll. Grond: Gefill an enger musikalescher Sakgaass ze stoen. Op Concerten ginn schonns 4 Joer laang ëmmer nach déi all Lidder gespillt mat deenen se bekannt goufen. Nodeems den kreative Kapp vun der Band sech zäitgläich mam éischten Erfolleg mat enger Iwwerdosis LSD an Psychose geschoss huet, fält deenen anere 4 net méi vill an. Dat soll anescht ginn an um Kichendësch ass kloer: et well een ewech vum Image just Hannergrondmusek fir Drogenerfahrungen ze liwweren. Dobäi kennt engem Member déi entscheeden Iddi: amplaz sech an phantastesch Welten ze veriren a verléieren misst en sech méi ëm Wierklechkeet këmmeren – an sech d'Fro stellen wat Mënschen weltwäit eigentlech dovun ofhält glécklech ze sinn.

Sou entsteet déi Plack mat der Pyramide um Cover an de komesche Geräischer a Stëmmen op de Lidder, déi am grousse ganzen vu Geld a Gier, Krich, Stress an Hektik – also vum ganz normalen alldeegleche Wahnsinn – schwätzen. Mam Titel – sollt der et net ahnen - „Dark Side of the Moon“ gëtt dësen Album vun Pink Floyd zum Phänomen: e Konzeptalbum dat e politescht, philosophescht a mënschlecht Matgefill zum Ausdrock brénge soll, a sech dobäi méi wei 50 Milliounen mol verkeeft an iwwert 800 Wochen - also 14 Joer - an de Charts hält - fir och no 40 Joer nach ëmmer aktuell ze sinn. En Alter deen Dark Side of the Moon wuel besser zu Gesicht steet wéi munch anerem 40-Järegen, deen ee selwer sou kennt.Ob elo duerch Geräischer vum jonken Touningenieur Alan Parson, dem Clare Torry sengem improviséierte Gesang – iwwregens gebucht fir en Dag zum Tarif vun 30 Pond – haut ronn 45 Euro – oder nach den philosopheschem Gedanken vum Portier vun den Abbey Road Studios – all dës Zoufäll gehéieren sécherlech och zum Erfollegsrezept.
Firwat den Album awer sou zäitlos ass a bis haut och sou erfollegräich, féiert eis zréck an Kichen vum Nick Mason – an zwar zur Entscheedung en Album ze maachen, dee sech mat de Problemer vun der Welt auserneen setzt. Problemer déi haut genau sou wéineg geléist sinn, wéi virun 40 Joer.
A wien sech elo freet, wéi déi däischter Säit dann haut ausgesäit, dee brauch just virun Dier ze goen – während déi meescht vun eis hier Zäit verléieren, sech hetzen a sech geckeg maachen bei der Sich no all deem Geld weist eis politesch Aktualitéit e weideren klore Bléck op déi däischter Säiten vum Mënsch sinn.
Dierft ech also fir de Rescht vu mengen Deeg just nach 5 Musiksalbumen lauschteren – Dark Side of the Moon wier sécher op der Lëscht!