Weekendprevisiounen

Endlech Weekend ! hu se haut virun enger Woch nach a Saudi-Arabien gesot. Deem ass jo awer neierdéngs net méi esou. Apropos Gibbes Bertolo ...
Am Islam ass de Freiden e Feierdag. Dowéinst fält an deene meeschten arabesche Länner de Weekend op Freides a Samschdes. Anerer hunn den Donneschden a Freiden als fräi Deeg festgeluecht. An nach e puer aner Länner kennen iwwerhaapt kee Weekend, do gëtt, mat Ausnahm vum Freiden, quasi nonstop geschafft. Soit. Op alle Fall leeft et an deene meeschten Islam-orientéierte Staaten ëmmer méi dorobber eraus, datt de fräien Donneschden duerch de Samschden ersat gëtt. Mam Hannergedanken, datt op internationalem Niveau dee Moment 4 amplaz 3 gemeinsam Schaffdeeg kënne genotzt ginn, vu Méindes bis Donneschdes, wat virun allem grouss Entreprisen a Geschäftsleit dierft arrangéieren. Dat huet wuel och de saudesche Kinnek Abdullah sech gesot a kuerzerhand sengem Vollek een neie Weekend verpasst. Konnten seng Landsleit haut virun enger Woch nach doheem bleiwen sou hunn de Moien zu Riad, Mekka a Medina neierdéngs d'Weckere gerabbelt.
Sou ass dat, dohannen a Saudi-Arabien. Stellt Iech vir, mat ganz vill Phantasie wuelverstanen, dat géing och bei eis passéieren. Do géing eis Regierung kuerzerhand decidéieren, datt elo, looss mer soe Méindes an Dënschdes net geschafft gëtt. Samschdes a Sonndes ass ewell Schoul, d'Butteker hu ganz normal op, et geet een elo Sonndes a Méindes méi laang op den Tour, an Zukunft lauden d'Klacke fir d'Dënschdesmass, asw.
Wéi sot Dir? Net denkbar bei eis? Stëmmt. Firwat sollt och iergendeen un eise Weekend fréckele goen. Obwuel: elo fält mer grad an oder op, datt de Kinnek Abdullah déi Ännerung a sengem Land leschte Sonnden annoncéiert huet, op eisem Nationalfeierdag. Dee gouf jo scho mol eng Kéier verréckelt, virun iwwert engem hallwe Joerhonnert. Wéinst dem Wieder. A gouf net och dëst Joer d'Päischtvakanz ëm 1 Woch vertässelt, wéinst de Spiller vun de klenge Länner? An hu se dat net och 2014 wëlles?
Feelt just nach, datt een op d'Iddi kënnt, d'Wale vum nächste Joer op dësen Hierscht virzezéien. Mä dofir brauche mer hei am eegene Land weder e Kinnek nach e Prophéit ...