D'Welt am Markewahn

Wéini nach hunn ech mer erkläre gelooss, dass eis Geschäftsleit besser hätte Russesch oder Chinesesches amplaz Lëtzebuergesch ze léieren, well et d'Clienten aus deene Länner wären, meeschtens Touristen, déi nach richteg Cash an der Täsch hätten. Dass an der Philippsgaass a ronderëm sech well eng Luxusenseigne un déi aner reit, läit net eleng dorunner, dass si eleng nach Marge genuch hunn, fir sech déi exorbitant Loyeren ze leeschten, déi se selwer eropgedriwwen hunn, mä och well et grad hei ass, wou eis räich Touristen nach séier duerchwuselen, éier se no der Visite vu Palais, Kathedral a Kasematte rëm an de Reesbus klammen. Um Wee gëtt da, wéi et schéngt, nach schnell den Herpes-Portefeuille gezéckt fir eng Prollex-Auer oder eng Louis-Littis-Posch ze kafen. Typesch lëtzebuergesch Souveniren eben.
Wat sollte mer hinnen och soss verkafen? Een Teller mam roude Léif, made in China, fir rëm mat zréck a China ze huelen? Kachkéis an der gëllener Dous mat Schmarotzki-Diamanten drop? Ech hunn d'Chance, vill ze reesen, a war an der lescht souwuel a Russland wéi och a China.
Wien der Meenung ass, mir hätte vill Luxusbuttiken, däerf gär mol een Tour duerch d'Groussstied dohanne maachen. Iwwerall déi selwecht Enseignen, nach méi wéi bei eis, eng un där anerer, an e puer Ecker weider nach emol déi selwecht. Iergendwann hunn ech opgehal ze zielen, wéi oft d'Nicole Kidman mech vun engem Plakat oder aus eng Vitrine ugekuckt huet, fir mer déi éiweg selwecht Auer unzedréien. Wien eleng op d'Butteker geet, gesäit vu lauter Beem de Bësch, oder anescht gesot, vu lauter Dolce a Banana d'Stad net méi. Firwat d'Chineesen an d'Russen also grad bei eis kafe sollen, wat se och doheem ze vrecks hunn, ass mir ee Rätsel.
Vläicht fonctionnéieren d'Leit haut och einfach anescht. Soss huet een aus der Vakanz vun all Plaz een typesche Souvenir matbruecht. Haut bréngt ee wuel deen ëmmer selwechte Souvenir mat, just all Kéiers vun enger aner Plaz: "De bloe Krokodilspullover ass vu Paräis, vun de Champs Elysées, dee grénge vu Moskau, déi hunn ee super neie Flagship Store do, dee gesträifte vu Lëtzebuerg, dee giele vun New York, do ware Sales, an déi 3 aner hunn ech vun Istanbul matbruecht. Dat sinn zwar keng richteg, mä dat gesäit jo keen ..."
Soulaang just jiddereen de Logo gesäit, ass d'Welt an der Rei!