„Simse géint den Terror“

Mir kënnen ni ze vill Mailen oder SMSen austauschen, de Fernand Mathes weess firwat.
Gutt Nouvelle, vu läschte Méindeg un ass den Handy Handling nees méi bëlleg; eng Minutt dierf maximal 24 Cent kaschten, bis elo waren et 29 Cent. Also erëm keen Argument fir d'Handbrems ze zéien.
Am Fong hunn ech et opginn, fir mech nach driwwer opzereegen an ower. Wann der mat Kanner a Jugendlechen ze dinn hutt, gitt der esou oder esou dermat confrontéiert, mat dem ugewuessenen Handy.
Wa se net permanent déi kleng Zill do am Grapp hunn, fillen se sech plakeg, amputéiert, vun der Welt am Stach gelooss. Et ass krank, ech weess an et wäert net méi laang daueren, da gëtt et Therapien, wou ee geléiert gëtt, seng zwou Hänn ze benotzen ouni Handy... (maacht iech bäi, e Beruff mat Zukunft)
D' läscht Woch huet mäin Häerz gegluckst, wéi ech en Artikel gelies hunn, datt och ewell Museker sech dergéint wieren, fir just nach op Handyen ze kucke während engem live-Concert. Et géif der ëmmer méi, déi de ganze Concert laang den Handy virum Kapp hunn, wier d' Event ze filmen an et duerno ni méi ze kucken, geschweigs nach ze lauschteren. Ech ka mer virstellen, wéi frustrant et ass fir während enger Live-Performance kee Gesiicht, keng Reaktioun méi ze gesinn, dat fillt sech alles un, wéi e Liewen aus der Bécks.
Domadder net genuch an eisem Kommunikatiounszäitalter gëtt ebe kommunikéiert an net méi matenee geschwat. Do soll et esouguer Büroe ginn, wou Leit sech SMSen respektiv Maile schécken an platz mateneen ze schwätze... selwer erlieft!
Ma wat déi Gewunnechten ugeet, fir all Blödsinn an all Schrott ze simsen, hunn ech meng Meenung zanter kuerzem geännert.
Zanter dat ech weess, dat dee geheimen amerikanesche Geheimdéngscht NSA esou schaarf ass op alles wat mir doruechter simsen a maile sinn ech der Meenung, datt mer nach eng Schëpp sollen uleeën. Simst a mailt wat d'Kar hirgëtt, wat méi domm an iwwerflësseg, wat besser. Mir mussen se op Trapp halen, esou laang maachen se soss keng Dommheeten.