Loscht op Lëtzebuergesch!

Lëtzebuerg ass jo, ouni ze iwwerdreiwen, e polyglott Land. Mir wiesselen dagsiwwer vun enger Sprooch an déi aner; kucken, liesen, lauschteren auslännesch Medien a kënnen am Kino d'Filmer an der Original-Versioun genéissen.
An dach ass et intressant ze gesinn, datt doduerch eis Lëtzebuerger Sprooch net ausstierft, mä am Géigendeel souguer vu méi Leit geschwat gëtt, wéi jee virdrun. An dat bei iwwer 44,5 % Net-Lëtzebuerger, déi hei am Land liewen. Iergendwéi ass se jo sou eppes wéi en Integratiounsoutil, an dat net nëmmen am Schwätzen, mä och am Schreiwen!
Nach ni gouf sou vill Lëtzebuergesch geschriwwe wéi haut: an den SMSen, Mailen, op Internetsitten an och soss. A fir datt ee sech och schrëftlech soll verstoen, ass et och ubruecht, en uniformt Lëtzebuergesch ze schreiwen. Dofir gëtt et - wéi an alle Sproochen op der Welt - eng Grammaire an eng Rechtschreiwung. Natierlech hu mir eis Sprooch ëmmer sou geschriwwen, wéi mer geduecht hunn, datt se richteg wier. Mä éierlech, wa jiddereen dat anescht schreift, ass den Dialog leider séier schif. Vill Net-Lëtzebuerger kënnen duerch d'Sproochecoursen dofir eis Sprooch bal besser schreiwen wéi mir selwer. Et ass eis ze verzeien, well leider gëtt d'Sprooch jo och net vill an de Schoulen enseignéiert.
Dofir soll een och elo net entsat driwwer sinn, wann an der privater Kommunikatioun net all Eifeler Regel klappt oder all Ëmlaut richteg formuléiert ass oder all "e" op der richteger Plaz steet. Besonnesch, wann et séier huet musse goen. Mir hei bei RTL kënnen e Lidd dovunner sangen! Eist Aarbechtsgeschir ass eben d'Lëtzebuerger Sprooch an dat net nëmme méi geschwat, mä och geschriwwen, sou wéi een et op der RadioWebTV, op der Tëlee an um Internet ka liesen. Dofir kënnt Dir mer elo soen, et soll een net mat Steng geheien, wann een am Glashaus sëtzt.
Dës lescht souz ech awer net am Glashaus, mä am Kino an hunn, just ier den englesche Film an der Originalversioun ugaangen ass, eng Lëtzebuerger Pub iwwert e Lëtzebuerger Gedrénks gekuckt, gelauschtert a gelies och an der Originalversioun.
Bestëmmt gouf dës Publicitéit vun de Responsabele méi wéi eemol visionéiert, analyséiert, optimiséiert, thematiséiert, perfektionéiert, finanzéiert an duerno dann diffuséiert.
Wéi schued, datt dobäi kee gemierkt hat, datt de Lëtzebuerger Text net korrigéiert gouf.
Iwwregens: un déi richteg Informatiounen kann een zënter leschter Woch och an der Rubrik "Loscht op Lëtzebuergesch" op RTL.lu kommen.