Et ass e Wuert, e Geste, mat deem sech leider ëmmer nach vill ze vill Leit schwéier doen. Firwat iwwerhaapt?

"Wéi seet een?" krute mer jo als Kand dacks vun deene Groussen ze héieren, wa mer mol nees vergiess haten eis Dankbarkeet zum Ausdrock ze bréngen. Haut si mer selwer grouss a verstänneg a verpassen trotzdem ëmmer nees déi gutt Geleeënheet.

E Wuert sou einfach wéi Bonjour. E Wuert mat deem der awer vill extrem spuersam ëmginn, sou wéi wann et e raren Artikel wier, quasi vum Ausstierwe bedrot. Dofir w.e.g. nëmmen am Noutfall asetzen. Sou kënnt et mer op alle Fall fir, wann ech d'Saach ganz niichter a pragmatesch kucken.

Merci soen, mat engem Wuert oder engem Geste, kann dach net esou schwéier sinn. Et ass eng minimal Unerkennung fir eppes wat deen aneren engem entgéint bréngt. Iwwerspëtzt analyséiert setzt de Merci jo viraus, datt mer eppes geschenkt gouf, wat ech am Fong geholl guer net verdéngt hunn. E Kaddo ass ëmmer eppes Fräiwëlleges, mat deem een engem aneren eng Freed wëll maachen. Et hätt also net misse sinn, et entsteet en Desequiliber. An dee soll dann ebe mam Merci nees ausgeglach ginn.

Ob elo ee mer am Buttek d'Dier ophält, mech iwwert den Zebrasträif eriwwer léisst, mer am Restaurant Wäin noschëtt: huet déi Persoun net einfach eng kleng Unerkennung verdéngt? A géinge mir eis an där Situatioun net och eng kuerz Opmierksamkeet erwaarden? Och, wann et net néideg gewiescht wier? Vläit ass dat d'Erklärung firwat et der ëmmer nach esou vill net fir néideg fannen, resp. sech einfach net iwwerwanne kënnen, souguer fir éischter onbedeitend Klengegkeeten e Merci iwwer d'Lëpsen ze bréngen.

Dankbarkeet huet ëmmer nach eppes mat Respekt an Héiflechkeet ze dinn. Also dat, wat jidderee sech vu sengem vis-à-vis erwaart. "Leider léist sech éierlech Dankbarkeet net mat Wieder ausdrécken" sot de Goethe zwar mol eng Kéier. Awer mat engem eenzegen, klenge Wuert oder Geste ass op d'mannst mol den Ufank gemaach ...

AUDIO: Apropos