5 Sekonne maachen den Ënnerscheed

Wat muss ee maache fir den amerikanesche President op den Telefon ze kréien? Einfach den Hörer ophiewen déi heite Stéchwierder soen: Obama, Murder, Bomb, Shooting, Attack, Vengence.
Déi méi Jonk wäerten de Witz net verstoen, si benotzen nach just Handyen ouni Hörer, a wëssen, dass de President net selwer matlauschtert, mee déi Aarbecht un d'NSA delegéiert huet. Virun allem awer wëssen se, dat déi wierklech interessant Saachen net um Telefon gesot ginn, mee virdrun an duerno. Ech behaapten, wann een vun all Gespréich déi fënnef Sekonne virdrun an duerno och héiere géif, dann hätt op der ganzer Welt kee Mënsch méi Kollegen.
Grad an haiteger Zäit, wou den Telefon engem seet, wien do eigentlech urifft, wann d'Gebimmels lassgeet... Wie kennt dat net : „oh Freck, lo rifft deen Trëllert scho rëm un – oooh, Här Schmitt, schéin dass der urufft, blabla, asw. Ëmmer eng Freed mat Iech ze schwätzen ...“ A kaum huet een agehaang : „Wat deen Iesel mir op d'Nerve geet mat sengem éiwegen domme Geschwätz...“ Oder wa mer op eng Helpline uruffen: kaum hu mer Merci gesot fir hir Efforte, an agehaang, scho reege mer eis op, dass déi awer och fir guer näischt ze gebrauche ginn. Genee sou interessant gëtt et, wann d'Leit an enger Konferenzschaltung oder wann se ee musse weiderverbannen, de Mute-Knäppchen net fannen, also net wësse wéi se hire Mikro ausmaachen, der Meenung sinn, déi aner Säit géif net méi mathéieren, an et da lassgeet, vun der Long op d'Zong: „So Ketti, ech hu scho rëm dee Schmitt do drop, soll ech ëm soen du wiers grad net do, oder wëlls de dech volllabere loossen?“
Do versteet een dann och besser, firwat d'Kollege vun der NSA Wanzen an verschiddenen EU-Gebaier installéiert hunn. Wat sech 2 Ausseministeren zum Beispill um Telefon soen ass eng Saach. Wat se sech eigentleche soe wollten, ergëtt sech vläicht just aus de 5 Sekonne virum Gespréich, aus der wéineg subtiler Nuance tëscht „Ruffe mer mol eise gudde Frënd John un“ an „Da brénge mer deen Uruff mat deem Topert vun déi Säit dem Atlantik mol hannert eis.“
Wat d'Fro opwërft, ob een am Liewen net méi glécklech drun ass, wann ee grad net alles héiert e weess …