Et ass kee Geheimnis: et ass Summer!

Et ass kee Geheimnis: jidderee gammst op de Summer! D'Geschäftsleit, déi d'Summerkollektiounen zu Soldepräisser endlech wëllen aus de Regaler kréien, d'Schüler an d'Studenten, déi déi lescht Examen a Prüfungen a Bilanen hanneru sech hunn, d'Baueren an d'Wënzer, déi endlech Fruucht a Riewe vun der Sonn verwinne loosse kënnen, d'Restaurateuren, Hotelieren a Cafetieren, déi hir Cliente kënnen op den Terrassen zerwéieren, an iwwerhaapt jiddereen- egal wou e schafft- well elo an den nächste Wochen dach alles méi lues a gemälleg lafe wäert. Moies net ze vill Stau op de Stroossen, e Pak E-Maile manner op der Aarbecht, et geet éischter an de Feierowend, fir Sonn ze tanken am Ligestull doheem oder iergendwou an der Vakanz.
Jo, dat alles passt op dës Plaz an dës Rubrik op dësem Dag! Normalerweis! Mä et ass jo och scho laang kee Geheimnis méi, datt dëst Joer alles anescht wéi normal ass.
Net nëmme wéinst dem Wieder! Well trotz dem laange Wanter, dem ville Reen an dem chronesch groen Himmel, huet sech awer eppes an eise Gewunnechte geännert! Wa mer eis haut begéinen an e kuerze Smalltalk ufänken, dann heescht et net méi onbedéngt „Wat ass dat e Wieder!“
Nee, an de leschte Wochen an Deeg huet ee sech éischter nom „Gudde Moien“ an d'Gespréich lancéiert mat „Hutt der héiere wien haut viru Geriicht ausgesot huet?“ oder och nach „Wien ass dann nach alles vum SREL ofgelauschtert ginn?“
An aktuell freet nach just een deen aner „Gi mer dann elo am Oktober wielen oder am Mee?“
Dat Geheimnis dierft net méi laang halen, eng Äntwert kréie mer nach dës Woch.
Mä da stellt sech déi nächst: „Gëtt et duerno anescht oder bleift et dach beim alen?“
Definitiv: d'Theme ginn eis net aus an dat mam relaxen Ofschalten iwwer de Summer wäert dann och net vill ginn! Och dat ass kee Geheimnis.
Souwisou hu Geheimniskréimer et jo an dësen Zäiten net einfach! Net nëmmen zu Lëtzebuerg!
Trotz allem hunn ech e geheime Wonsch fir eis all:
Ech wënsche Sonn am Häerz an am Gemitt, a Rou a Rascht, ier mer dann am September vläicht méi séier mussen urappen, wéi mer dat wëllen.
E schéine Summer!