Vakanzebiller

Endlech Vakanz! Oder bal. Et wier dach schued, wann een déi schéinsten Zäit vum Joer net richteg matkritt ...
Heiansdo iwwerkënnt et een. Da muss nees an där aler Schongkëscht mat de Fotoe gewullt gi fir e puer Erënnerungen erauszekropen an opzefrëschen. Perséinlech Postkaarten aus fréiere Vakanzen oder soss Momentopnamen déi engem un d'Häerz gewuess sinn an déi engem gewësse Situatiounen nees an de Kapp komme loossen.
Et muss jo hautdesdaags keen deieren a sophistiquéierte Fotoapparat oder Camrekorder méi si fir eenegermoosse respektabel Biller ze schéissen. Den hondsgewéinleche Smartphone mécht et och. An dacks esouguer an enger relativ propperer Qualitéit. Wat jo vill Leit arrangéiert an dozou animéiert, quasi permanent an iwwerall ze knipsen an ze filmen. Deslescht ass mer nach een um Findel iwwert de Wee gelaf, dee schonn am Check-In ugefaangen huet, säi Vakanzefilm ze dréinen. Uschléissend hunn ech e gesinn, wéi e mam Handy duerch d'Reie vum Fliger spadséiert koum fir och hei keen Ament vun der Rees ze verpassen. D'Stewardess beim Erkläre vun de Sécherheetsbestëmmungen, déi eege Fra beim Usetze vun der Kippchen, d'Wolleken dobaussen ... bei der Landung hunn ech en aus den Ae verluer, ka mer awer schonn denken, datt e senger Linn während der ganzer Vakanz trei bliwwen ass.
De Jeeër a Sammler, an deem senger Natur et läit, e Maximum un Andréck anzefänken an net méi hier ze ginn. Den Drang, onvergiesslech Momenter veréiwegen ze wëllen, déi Momenter dann och zu all Ablack op Kommando kënnen ofzeruffen. Vu mir aus ka jo jidderee maache wat a wéi e wëll. Wann herno 5 Stonne Filmmaterial oder 2000 Fotoe musse gekuckt ginn deet et mer just leed fir déi, déi net mat dobäi waren a sech all eenzel Zeen mussen erkläre loossen.
Ech maachen och alt mol déi eng oder aner Foto. Well ech och fannen, datt engem déi puer Biller an Zukunft nach dacks Freed wäerte maachen. Ech reduzéieren et allerdéngs op de Minimum well ech et net wëll riskéiere mam permanente Knipsen a Filmen d'Stëmmung ze verpassen.
Déi flottste Biller si souwisou ëmmer nach am Kapp. An deem Sënn: genéisst Är Vakanz ...
