Dogmen a Wanderdünen

Ënnert engem Dogma versteet een allgemeng eng Meenung, déi net falsch gemaach ka ginn, also ëmmer wouer ass. An eisem Kulturkrees gëtt et nëmmen eng Persoun, déi sou Wourechte fir all Éiwegkeet opstelle kann, an zwar de Poopst, wann en eng Meenung als 'ex cathedra', also als onfehlbar, deklaréiert. Fir d'lescht war dat 1950 de Fall, wou de Pius XII. der Mënschheet, op mannst mol dem chrëschtlechen Deel dovunner, 'ex cathedra' kloer gemaach huet, datt Maria mat Leif a Séil wierklech am Himmel opgeholl gouf. D'Iddi, datt de Poopst sech net iere kann, ass iwwregens net sou al, wéi ee menge kéint: Eréischt 1870 huet den 1. Vatikanum dës Onfehlbarkeet 'ex cathedra' zréckbehalen. D'Zölibat gehéiert iwwregens net zu den Dogme mat 'Onfehlbarkeet-Status'.
An engem moderne Sënn sinn Dogmen awer soss näischt wéi intellektuell Wanderdünen. Wien dropsteet, ass dovun iwwerzeegt, op festem, also sécherem dogmatesche Grond ze stoen an nawell drifft e lues, awer sécher a virun allem onbemierkt fort. Op esou moderne Wanderdüne sëtzen noweislech politesch Parteien – well déi sech nach ëmmer drop behaapten, Recht zu hunn an um séchere Wee ze sinn, och nodeems se selwer schonns laang gemierkt hunn, op Holzwëer 'à la Heidegger' ënnerwee ze sinn. Ass en da schlussendlech an der Sakgaass gelant, da muss d'Chamber sech der Wanderdün unhuelen, sou wéi haut um 10. Juli an der Affär ronderëm de Geheimdéngscht – nämlech d'Fro vun der politescher Responsabilitéit, an natierlech oder virun allem de Konsequenzen, déi sech dorausser erginn.
Sou modern Dogmen, also intellektuell Wanderdünen, kennen och nëmmen een efficacet Géigemëttel: de gesonde Mënscheverstand a Gesetzer, déi sech dorops beruffen. An egal wéi déi Wanderdün mat der 'SREL-Affär' ausgeet, wier et net nëmmen iwwerleenswäert, mä och un der Zäit, d'Mandater vu Ministeren op zwou Legislaturperioden ze begrenzen - eng Iddi, fir déi de Wirtschaftsminister selwer ugangs dës Joers déi eng oder aner Kritik huet missen astiechen.
Eng Iddi, déi och der neier, also reforméierter Constitutioun gutt zu Gesicht géif stoen - an der Hoffnung, datt dësen Dossier net op en Neits just eng weider Wanderdün an eiser politescher Landschaft ass.