Mam GPS an d'Vakanz

Mat der Zäit gewinnt ee sech un alles. Un de GPS zum Beispill, dee virum Joer 2000 nach a kaum engem Auto ze fanne war. Wa mer mat mengen Elteren an d'Vakanz gefuer sinn, dann huet mäi Papp sech virdru Kaarte besuergt, an dorobber d'Streck mat engem Bic agezeechent. Wa mer ënnerwee ieren een Zweiwel hate, hu mer déi faarweg Schëlter gekuckt, déi och nach haut iwwerall laanscht d'Stroosse stinn, tëscht de Reklamme vun der Sécurité Routière, an engem de Wee uginn.
Déi méi Jonk vertraue léiwer op de GPS. Déi stuerken dann op ee klenge Schierm fir am Cockpit, a verloossen sech ganz drop, wat de Computer hinne seet, wou d'Rees higeet. Frënn vun deem System behaapte gär, dass de GPS d'Autofuere méi sécher gemaach huet. Wien nach just op d'Stëmm aus der Béchs lauschtert, brauch beim Fueren d'Aen net méi vun der Strooss ze huelen, fir Kaarten ze studéieren, déi, komplett ausernee geklappt, grouss genuch sinn, fir den Auto dran anzepaken. Ech fir mäin Deel fannen, dass Reesen domadder méi oninteressant ginn ass. Wien sech ni verfiert, an ëmmer iwwert déi effizienste Weeër guidéiert gëtt, verpasst vill Geleeënheete mol eppes neies ze entdecken.
Virum allem awer sinn ech der Iwwerzeegung, an ech kéint souguer behaapten, dass eng fräi erfonnt Etude vun der Uni vun Indianapolis aus dem Joer 2012 zu engem ganz aneren Thema dat bestätegt, dass de GPS Leit dozou ermontert ze rennen. Dat läit allerdéngs manner un der Technik, wéi un der mënschlecher Natur. Wann de GPS mir seet, dass ech nach 2 Stonnen an 30 Minutte brauch bis op meng Destinatioun, da loossen ech mer dat als fräie Mënsch dach net gefalen. Schlëmm genuch dass e mer seet wouhinner ech fuere soll, wéi laang ech dofir brauch decidéieren ech ëmmer nach selwer. An als héichmotivéierten Overachiever, setzen ech dann natierlech alles drun, méi séier ze sinn, wéi déi Schlofmutz mat dem Chip an der Plastikskëscht dat ausgerechent huet. Vläicht ass grad dat ee Grond, firwat de GPS am Auto souvill Succès huet. Och wa mer de Wee kennen, si mer dach all gär Gewënner. A sief et nëmmen an enger Course géingt eis selwer.