Den ale Mann beim Mier

Vakanzebiller bleiwen engem nach ëmmer eng Zäit erhalen, dobäi muss een emol kee Fotoapparat derbäi hunn, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut ...
En däitscht Sprachwuert seet, fräi iwwersat: Een, deen op d'Rees geet, deen huet eppes ze verzielen. Et muss ee jo net direkt d'Frënn op en Owend mat Fotoen a Filmer Kucken invitéieren. Souwisou geet dat iwwer déi sougenannte sozial Netzwierker vill méi séier a vill méi onkomplizéiert – wann och manner geselleg.
Ech leeschte mer et elo souguer, Iech an dësen zwou Minutten iwwer Radio vu menge Reeserliefnesser ze schwätzen. Nee, keng Angscht, ech wollt Iech net mat enger Opzielung vu schéinen Amenter op schéine Plaze mat schéinen Aussiichte langweilen. All dës Impressioune si souwisou schwéier ze vermëttelen. Och déi beschte Foto kann ni erëmginn, wat ee live erlieft huet! Wéi sot emol een op enger gemeinsamer Rees: Ech maache keng Foto, ech hunn et jo gesinn – ech ka just jidderengem soen: Géi dohinner, et ass derwäert!
Ech géing Iech och direkt op meng Destinatioun vun dësem Joer schécken: Wonnerschéin Natur, eng räich Fauna a Flora, opgeschlosse Mënschen, multikulturell Atmosphär, relaxe Way of life – och wann d'Liewen zimlech deier ass a plazeweis vill Mënschen um Existenzminimum liewen.
O, ech kéint Iech souvill erzielen, mä no iwwer 3000 Kilometer queesch duerch de Weste laanscht Bierger a Bëscher a Plagen an Inselen, laanscht d'Geschicht vum Staat Kanada an nach vill méi laanscht déi vu sengen Urawunner bleift um Enn ee Bild a mengem Kapp, oder besser ee Bléck:
E souz op enger Bänk laanscht d'Waasser am Hafe vu Victoria. A sengem Kostüm mat Krawatt ënner der liichter Reejackett a mat der karéierter Kap um Kapp huet e gewierkt wéi een, deen um Wee op d'Schaff sech grad nach ee Moment Rou wëllt leeschten, ier en nees mat der Aarbecht urappt.
Vläicht war dat eemol esou, vläicht war et seng Erënnerung un e laangt Liewen, dat en ausgestrahlt huet. Wéi ech laanscht deen eeleren Här gaange sinn, hunn ech e liicht Laachen a sengem Gesiicht opgefaangen, do war iergendwou eng Zefriddenheet, awer och eng déif Trauregkeet a sengem Bléck.
Dëst Bild vum „ale Mann beim Mier“ ginn ech net méi lass, et passt op keng Vakanzefoto an et gëtt se och net! Et sinn net déi spektakulär Biller, déi een am déifste beréieren.
Fannen a sichen a kucke muss ee seng Biller dofir selwer. Et ass derwäert.