Apropos: ECH!

ECH sinn de wichtegsten a mengem Liewen. Ouni Zweiwel.
Individualismus ass jo hautdesdaags groussgeschriwwen, e gewësse Grad un Egoismus toleréiert oder gefrot. Den Ego steet vir. Kierper a Séil. Ech denken, also sinn ECH. Eng Perséinlechkeet, meng Identitéit - e Wiese mat Kreativitéit, Echtheet, Inspiratioun, mat Recht op Selbstbestëmmung. Ah jo, dat sinn alles ECH!Esou gesinn ECH MECH.
Mee – t’gesäit ee sech am Spigel ëmmer nëmme vun enger Säit. An ´t gëtt jo awer ëmmer engersäits an anersäits.
An anersäits kann een den Androck kréien, dass d’Individualitéit an domat jo dann och dat Besonnescht vun deeër Eenzegaartegkeet verschwënnt. Also – ECH! Oder eliminéiert gëtt! De Gruppendrock hëlt zou. Teamfähegkeet gëtt ëmmer méi eng wichteg Kompetenz. De Widdersproch tëscht ECH a Gemeinschaft, tëscht dem Eenzelnen an der Welt, an deeër mer liewen, kritt ënnert den aktuelle Konditiounen nei Konturen. Widderspréchlechkeeten vun eiser Zäit, Paradoxien vun eiser Zäit.
Sinn ECH elo nach ECH, oder schonn nëmme méi en Häerdendéier. T’weess ee nit méi esou richteg, wou een drun ass.