Et gëtt mat alle Mëttele gekämpft a gestruewelt fir an de Vierdergrond ze réckelen a fir gesinn ze ginn. Ech hat geduecht hautdesdaags wou jidderee säin eegene Fotograf a Kameramann ass, géing dat Gedrécks ophéiere fir op d' Foto ze kommen, ma gleef es! A mengem Wahlbezierk, hunn ech matkritt wéi vill Frust entsteet wann d'Lokalmatadoren, egal vu wat fir enger Couleur sech net op enger Zeitungsfoto erëmfannen, et mengt een si géingen d'Déplacementer op all déi Wäin an Dëppefester just maache fir op d' Foto ze kommen, net éiere fir am Bild ze sinn. Megafrust zu Meechtem, well do sinn iwwerhaapt keng Fotoe gemaach ginn. Verhalene Frust zu Greiweldeng, well do sinn d' Biller an der Körech geknipst ginn. Wou soll de Wieler sech do nach erëm fannen, wann en ee mol net op der Foto ka fannen. 1 Bild seet jo anscheinend méi wéi 1000 Wieder, wann doduerch da wéinstens keng laangootmeg eidel Riede méi géife geschmass ginn, ech géing esouguer selwer Fotoen op d' Dëppefester maache goen.

Am Beschten huet mer allerdéngs de politeschen Uebstmaart op der Stater Braderie gefall, do si wéinstens Inhalter ënnert d' Leit bruecht ginn, pure Vitamin C-sv mat Orangë vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei, handfest, well déi vun der DP hunn dermat jongléiert, si hätte sécher léiwer Molbier (op Houdäitsch Blaubeere) ënner d' Vollek bruecht, ma déi woren nach net zeideg. Dofir wollt d'ADR keng Äppel mat Bire vergläichen an nëmme Biren ausdeele well een domadder net ka veräppelt ginn, vläicht woren et esouguer Spuerbiren. Et huet nach gefeelt, dat ee bäi der LSAP rout Kréischele kritt hätt, ma déi hu monter zu enger Fënster erausgekuckt, déi se am Noutfall och hätte kënnen zoumaachen, wann de Wand en ze vill an d'Gesiicht geblosen hätt. Bäi deene Gréngen hätt ech nawell eng Kiwi gesinn, esou sauer-séiss, ower nee, si hu kleng Wandmillen ausgedeelt, wou ech mer elo ower net sécher sinn ob déi ee mobile Kapp haten, fir datt se sech wéi den Hinnchen, oder neierdéngs den Ieselchen, dem Wand no kéinten dréinen, oder ob se just mat der waarmer Loft aus de jeeweilege Mënner fonctionnéieren. Ma wéi gesot, dat wor d' Braderie, elo geet et eréischt richteg lass. Halt iech un!