Rosé aus der Provence

Lues a lues fëllt d'Ländchen sech nees. De Summer geet op en Enn a munchereen huet dëst oder dat aus senger Vakanz mat heem bruecht. Apropos Gibbes Bertolo ...
Aner Länner, aner Traditiounen, anert Wieder, aner Goûten. Dat fänkt jo scho moies um Kaffisdësch un, dacks ënner fräiem Himmel, eng Situatioun déi een heiheem jo éischter seelen erlieft. Mä grad dowéinst fiert oder flitt ee jo an d'Friemt fir al Gewunnechten an Dagesoflaf kuerzzäiteg dierfen opzeginn. Ech weess net wéi et bei Iech ass mä bei mir dauert et normalerweis e Strapp, 2-3 Deeg, bis ech aklimatiséiert, bis ech an der Vakanz ukomm sinn. Dann eréischt fänkt se och un. U sech verlueren Zäit, där een um Enn vun der Rees dach eng Grimmel notrauert.
Mä looss mer eis op déi agreabel Momenter konzentréieren. Op dat, wat een dohanne gesäit, héiert, richt, schmaacht. Anert Brout, anert Gebeess, d'Grillegezirps, de Geroch vum Lavendel ... dir mierkt: ech war an der Provence. Selbstverständlech gehéiert zu esou eng Vakanz och deen een oder aneren Tripp op ee vun deene ville flotten a charmante Mäert. Do wänzelt een da vun engem Stand bei deen aneren, Seefen, Zoossissen, Oliven, Figen, Dëschnappen, faarweg Taassen an Telleren, jee: am léifste géint ee jo vun allem eppes matgoe loosse fir doheem ze weisen, ze verschenken oder selwer ze genéissen. Meeschtens passéiert dat jo dann och.
Mir huet et dëst Joer (alt nees rëm eng Kéier) de Rosé ugedoen. Ee vun dohannen aus der Regioun, einfach, sëffeg, a guer net deier. En huet et mol net bis an d'Fläsch gepackt, mir hunn en an engem bronge Kartrong kaf, mat agebautem Krunn aus Plastik fir direkt aus ëm Frigo an d'Karaff oder d'Glas ze fëllen. Doheem ass dat am Prinzip en "no go", awer donidde kréint keen Hunn dono. Do gëllen aner Regelen, heiansdo och guer keng. An der Vakanz schmaacht eben alles anescht. Dat war nach ëmmer gewosst. An awer sinn ech nees eng Kéier schwaach ginn, fir net ze soen: drop eragefall. Däers do gëtt awer elo mol mat heem geholl! An esou goung et dann och. Um Virowend vun der Réckrees gouf séier nach sou ee Kartrong Rosé an d'Mall gedréckt an elo trëllt en do, doheem am Keller. Keng Grille wäit a breed méi ze héieren, amplaz vu Lavendel richt et elo nees no naasse Stroossen a vun den Oliven ass just nach den Uelech iwwereg bliwwen, deen och scho virum Congé nieft der Kachplack op säin nächsten Asaz gewaart huet. D'Loscht ass mer vergaangen.
An iergendwéi ass dat och gutt esou. Alles zu senger Zäit an op senger Plaz. En Elefant gehéiert jo och net an d'Stad - obwuel ... Vläit war et mer déi Kéier eng Léier. Wann en an engem Joer nach gutt ass huele mer en nees mat zeréck an d'Provence, do wou en higehéiert. Strof muss sinn!