Tim Toupet fir Premier

Mir soutzen do zu e puer Kollegen owes op der Schueberfouer am Stall gemittlech eng Fondue z'iessen, do ass eppes ganz erstaunleches geschitt. Ee geschat véierzegjähregen Däitsche mat liichter Béierpans an genee sou liichtem Hoerwues ass op d'Bühn gesprong, an huet behaapt, hien hätt eng Enn um Kapp, a wär dofir eng kulinaresch Spezialitéit aus der Tierkei. Wat mech nach méi gewonnert huet wéi déi Ausso, ass, dass déi allermeeschte Leit am Stall op eemol genee där selwechter Meenung waren, an haart matgegröhlt hunn, op Däitsch, och si hätten eng Enn um Kapp, a wären een Döner. Wéi de ganze Sall dunn och nach am Chouer geruff huet, deen op der Bühn hätt een -- ech zitéieren -- Knack-, Knack-
Knackarsch, hunn ech ugefaang mer eeschtlech Suergen ze maachen.
Zum Gléck war ech net deen eenzegen, dee vun där Massepsychos do net betraff war. Nieft mir stoung ee Fransous, an deen huet genee sou wéineg verstan, wat da lo op eemol lass war. Mir hunn ons dunn ëmfrot, a kruten, mat entgeeschterter Minn erklärt, deen Här op der Bühn wär den Tim Toupet, deen hätt seng Hoer schéin, an dee misst ee kennen, well dat wär eegrousse Wëssenschaftler, dee bekannt ginnass mam "Théorème de Toupet", laut deem eng Allee, Allee, eng Strooss mat Beem ass. De Fransous an ech hunn d'Welt net méi verstan a si léiwer mol heemgaang.
Ech hat deen Episode scho bal verdrängt, bis ech lo iwwert de Weekend e bësse Recherche zu de Wale gemaach hunn. Do ginn et Parteien déi d'Wahlflicht wëllen ofschafen, anerer wëlle scho Kanner vu 16 Joer wiele loossen, déi eng wëllen d'Auslänner matwiele loossen, déi aner op kee Fall. An ech hunn un deen Owend am Stall geduecht, dorunner, dass all déi, déi do matgegröhlt hunn eng Stëmm hunn, an déi mussen ofginn, an un de Fransous, deen zwar kee Lëtzebuergesch, mee och d'Welt, net méi verstahn huet, a mech gefrot, op een eigentlech réischt dann als voll integréiert gezielt ka ginn, wann een däitsch
Après-Ski-Mallorca Hits ka matsangen, wéivill vun deene Jonken, déi all 5 Strophë vum Döner Lidd auswenneg kënnen och d'Heemecht kéinte matgröhlen, a mech gewonnert, dass vill Wieler engem zwar net kenne soen, wien zum Beispill Wunnengsbau Minister ass, mee dofir den Tim Toupet beim Comptoir erkennen. Wann d'Parteien hir Message wëllen un de Wiele kréien, sollten se vläit den Här Toupet
froen, hir Slogan'en an de Refrain vun engem vu senge Sauflidder ze integréieren. Vum
intellektuellen Usproch hir sinn der vill do souwisou guer net wäit ewech.