Am Liewe ginn et Saachen, déi wëll ee maachen, an awer och där, déi ee muss maachen.

Datt dëst net ëmmer sou einfach ass, huet virun allem mat deene sëlleche Situatiounen ze dinn, wou ee muss an eigentlech net wierklech wëll: De Klassiker ass wahrscheinlech de Rendez-vous beim Zänndokter a fir muncher een och d'schaffe Goen. Ganz aktuell dierft och deen een oder anere Schüler Gefill hunn, hie misst erëm an d'Schoul goen.

Dofir wonnert et mech ëmmer erëm, wéi vill Leit eppes mussen, wann se eigentlech just eppes wëllen. Amplaz ze soen: "Ech wëll mer elo keng Zäit huelen, fir mat dir ze schnëssen", heescht et da meeschtens: "Ech muss elo akafe goen oder ech muss op den Training." Wann een no engem laangen Dag just nach heem wëll, well een déi aner am Fong net méi verdréit an d'Nues respektiv d'Ouere voll huet, dann heescht et op eemol: "Mir mussen eis awer elo maachen" - amplaz einfach ze soen, wat ee wierklech wëll, an dësem Fall seng Rou. Do dernieft oder derbäi fält mer och op, datt bei sou enger Ried regelméisseg de perséinlechen "ech wëll" gären duerch en abstrakten "mir mussen" ersat gëtt – fir der ganzer Saach méi Gewiicht ze ginn. An engem Land, wou souwisou léiwer iwwert d'Leit geschwat gëtt wéi mat de Leit, mécht dat wahrscheinlech och Sënn.

An der Politik ass dat nach anescht: Hei ass et eigentlech egal, ob ee wëll oder muss – wichteg ass, datt driwwer ofgestëmmt gëtt, ob eppes gemaach gëtt oder net. Egal wéi oft am Virfeld versprach gëtt, deem Rechnung ze droen, wat d'Parlament no sëlleche Sëtzungen a Rapporte géif entscheeden, wann et net zu engem Vote kënnt, da gëtt och näischt gemaach - weder gewollt nach gemusst. Sou kann ee sech eenzeg an eleng froen, ob de President vun der Chamber déi lescht Sëtzung huet missen zoumaachen oder op hie selwer dat wollt?

Dofir wëllen elo vill Leit, datt sech eppes ännert, och vun deenen, déi bei eis just schaffen a liewen däerfen, an de Lëtzebuerger muss wiele goen. Datt dobäi gären eppes erauskënnt, wat een net wëll, dat huet schonns den Epiktet a sengem klenge Bichelchen iwwert dat glécklecht Liewe beschriwwen, an zwar datt et Saachen ginn, déi vun eis ofhängeg sinn – egal, ob een se elo muss oder wëll – an datt et Saache ginn, op déi ee keen Afloss huet, déi engem einfach geschéien.