An eiser Welt ginn et ëmmer méi Réckeler, … ass dat Iech nit och schonn opgefall? Alles gëtt geréckelt, verréckelt. ´t gi Leit, déi mussen d’Miwwel regelméisseg verréckelen, soss fille se sech nit méi wuel. Alles gëtt hen an hier geréckelt

Oder si réckelen déi aner. Am Verkéier zum Beispill. Réckels de nit, fiers de ewech..

„Réckel!“ kriss de geleeëntlech gesot.

Op der Aarbecht gëss d’och verréckelt. Vun dengem Posten, vun dengem Stull. Däi Büro gëtt och geréckelt. Alles gëtt geréckelt.

D’Entréesdier kéint no hannen, de Parking no vir,

d’Fotokopiesmaschinn an de Reuniounssall, de Reuniounssall an de Kaffiseck,

de Kaffiseck, nuje, ´t ass och egal, mar gëtt jo erëm alles geréckelt. T’ass nit besser wéi virdrun, am Géigendeel, mä – Haaptsaach, ’t gouf verréckelt.

A no kuerzer Zäit gouf deem säi Stull, dee fir dat ganzt Geréckels do verantwortlech war, och geréckelt. Elo réckelt en an en anere Service, ... oder an eng aner Firma. Da kann e jo dann elo do réckelen a verréckelen

An deen elo bei eis geréckelt gouf, réckelt erëm alles ëm: D’Entréesdier no vir, de Parking erëm no hannen, de Reuniounssall an de Kaffiseck, de Kaffiseck an de Reuniounssall, alles gëtt erëm geréckelt, verréckelt, verréckt.

Kéint verréckt eigentlech vu verréckelt?

E Géigestand, e Raum, eng Iddi, e Méinsch op eng aner Plaz réckelen. Aus der Norm eraus. Réckeler. T’ginn der ëmmer méi. Näischt opweises, awer alles geréckelt, verréckelt. Haut hei, mar do, e flotten Job, mat Zukunftsaussiichten wéi et schéngt. Réckeler!

AUDIO: Apropos "Verréckelt"