Image ass alles

Viru 25 Joer huet den Thomas Knoll, deemools Student op der Uni vu Michigan, Photoshop erfonnt. Säitdeem kenne mer eisen Aen net méi trauen. Photoshop ass de Referenzprogramm wann et drëm geet Photoen ze manipuléieren. A propos manipuléieren : d'Walcampagne leeft op vollen Touren an et vergeet keen Dag, un deem net wéinstens eng vun de Parteie mer nei Lecture an d'Bréifkëscht geheit.
An do ass et schonn erstaunlech, wéi wäit d'Qualitéit vun deene verschiddene Publikatiounen ausernee geet. Net wat de Fong betrëfft, mee alleng d'Opmaachung, d'Qualitéit vum Drock, vum Design, a vun de Photoen. A well déi meescht vun eis net mam Kapp, mee mam Bauch entscheeden, ass Politik virun allem och eng Fro vun Image. Image ass englesch fir Bild, d'Bild wat mir ons maachen, an d'Bild wat ee sech gëtt, an domadder wäre mer zréck beim Photoshop. Während bei verschiddene klenge Parteien déi Säit mat de Kandidaten hire Fotoe mech oft genuch un eng skurill Sammlung vu Schéissbude-Figuren, oder eng vun deenen Internetsäite mat deene witzegste Mugshots erënnert, hunn déi grouss Parteien, -noblesse oblige,- wéi et schéngt net nëmmen an en uerdentleche Fotograf investéiert, mee och net mam Photoshop gespuert.
Entweder hunn verschidde Kandidaten, säit ech se vir d'läscht a Realitéit gesinn hunn, massiv a Botox investéiert, d'Zänn gebleecht, a sech vläicht souguer ënner d'Messer geluecht, oder awer, do gouf et masseg virtuell Liftingen um Computer. Dat kennt sécher méi professionell eriwwer wéi d'Konkurrenz mat de kromm ausgeschniddene Passbiller; op et dofir awer méi kredibel ass, wann all Kandidate vun der Ausriichtung vun de Schëlleren, iwwer d'Ausliichtung vun den Hoer bis hin zum Teint vun der Haut deen exakt selwechte Look hunn, sief mol dohinner gestallt. Mä dorobber kennt et vläicht och guer net un.
Ee Kolleg vu mir ass do ganz konsequent. Hie sot mer, dass en prinzipiell ëmmer panachéiert, an queesch duerch d'Parteien seng Stëmme just deene jonke Meedercher gëtt, deenen hir Photo him am beschte gefält. Déi zielen herno an der Chamber vläit genee sou ee Kabes wéi déi aner, seet en, wéinstens sinn se dobäi dann awer flott ze kucken. Als engagéierte Feminist fannen ech dat natierlech eng schrecklech Ausso a gënnen him dofir, dass en dank Photoshop no de Walen op d'Mannst op deem Punkt batter enttäuscht wäert ginn.