Wa mer demnächst an der Walkabinn stinn, an a gudder Traditioun net einfach eng Lëscht wielen, mee, oft géingt all gesonde Menscheverstand a politesch Logik, kräiz a quier doduerchpanachéieren, dann hu mer, anescht wéi op de Plakater virum Lokal, keng Photoe méi nieft den Nimm. Ma den Numm alleng vermëttelt och schon een Androck.
Nomen est Omen soten déi al Réimer, a fir munch Lëtzebuerger ass den Numm ee ganze Programm. Si wielen deen Numm deen se kennen, och an zweeter oder drëtter Generatioun. De monarchesche Gedanken, d'Weiderreeche vu politesche Mandater de père en fils, oder, -mir si jo progressistesch-, de père en fille, kritt sou eng demokratesch Legitimatioun. Deem engen oder anere soll et souguer scho gehollef hunn, dee selwechten Numm ze hunn wéi een dichtege Virgänger, souguer wann et guer net déi selwecht Famill ass. Et ginn eben Nimm, dat si Marquen.

Richteg schlecht ass drun, wien dee falschen Numm huet. Dat ass souguer wëssenschaftlech beluecht, mat Etuden am Frankräich, Däitschland, England, an den USA. Bei eisen Noperen déi säit der Heck zum Beispill hu se rausfonnt, dass an der Schoul d'Anne-Clairen an d'Margueriten wäit besser ofschneide wéi Kanner déi Hakim, Brian oder Eddy heeschen. Wann de Louis an den Mohammed dee selwechte CV eraschécke fir eng Plaz, kritt deen éischte wäit méi oft eng Zouso wéi deen zweeten. An Däitschland hätte virun allem d'Mandy, d'Tschantal an de Kevin déi Zort Problem. Wéi et schéngt verbannen d'Léierpersonal an d'Leit vum Personalbüro mat sou Nimm éischter negativ Associatiounen.

Ech froe mech, op et zu Lëtzebuerg mat de Wieler net d'selwecht ass. Ouni engem wëllen ze no ze trieden, wéi een Numm strahlt méi Vertrauen aus : Marie-Josée oder Stacey ? Géif een Jason Schneider spontan genee souvill Kompetenz zougeschwat kréie wéi een Etienne Schneider ? Ee Kevin Juncker wéi ee Jean-Claude Juncker, een Tyler Bettel wéi ee Xavier Bettel ? Avis un d'Elteren : wann äert Kand et eng Kéier an der Politik zu eppes brénge soll, dann nennt de Bouf Pierre. Véier mol hunn d'Lëtzebuerger sou een zum Premier gewielt, méi oft wéi Kandidate mat all anerem Numm. Op fir ee Meedche Pierrette dofir awer genee sou ee gudde Choix wär, woen ech ze bezweiwelen...