Lescht Woch war Rentrée a jidderee misst sou lues nees am Rhythmus sinn. En Dages-Thema wäert d'Schoul awer nach e bëssi bleiwen- och am Apropos vun haut, Christiane Kremer.

Sinn 9 Wochen net awer vill schoulfräi Zäit beieneen? Firwat ass all Joer dee selwechte Rush op Schoulbicher, déi dann net ze kréie sinn? Wisou sinn d'Noexamen sou spéit? All Dag schwätze mer aus der Schoul, déi eng léiwer, déi aner manner gär! An dës Rentrée geet d'Diskussioun dann nach méi wäit! Bis an d'politesch Kreesser eran, ëmmerhin ass d'Educatioun jo och en Dauerbrenner-Wahlkampfthema, an am Wahlkampf si mer jo matten dran.

Ob frou oder traureg datt d'Schoul nees un ass, jidderee weess, wéi wichteg eng gutt Educatioun ass, wéi lieweswichteg et ass "dierfen an d'Schoul ze goen". Dat sollen elo keng eidel Floskele sinn, déi all Rentrée ausgepaakt ginn fir déi ze tréischten, déi nu wierklech net gär an d'Schoul ginn oder gaange sinn.

Nee, am Fong si mer bei all den Diskussiounen dëser Deeg ëmmer en Numm an ee Bild an de Kapp komm: d'Bild vum jonke Meedchen am rosafaarwege Schal, dat op sengem 16. Gebuertsdag vrun der UNO geschwat huet an do dat gefuerdert huet, fir dat et säi Liewen riskéiert hat: d'Recht op Educatioun fir jiddereen.

D'Malala huet scho mat 11 Joer a sengem Heemechtsland Pakistan gefuerdert, datt och d'Meedercher duerfen an d'Schoul goen. Den Opruff ass iwwer Internet ëm d'Welt gaangen. Fir d'Taliban am pakistaneschen Swat-Dall war dat en Affront. Lescht Joer am Oktober gouf dem Malala um Schoulwee an de Kapp geschoss. Dat jonkt Meedchen huet iwwerlieft an ass an England soignéiert ginn, do wou et elo och an d'Schoul geet.

Dës Woch krut d'Malala den Amnesty International Präis, vum Europaparlament gouf et fir de Sacharow-Präis proposéiert a fir de Friddensnobelpräis ass et schonn am Februar nominéiert ginn.

De Kampf an den Engagement huet dat jonkt Meedchen vrun der UNO mat dëse Wierder ëmschriwwen: "e Kand, e Schoulmeeschter, e Buch an e Bläistëft kënnen d'Welt veränneren".

"E Kand, e Schoulmeeschter, e Buch an e Bläistëft", fir eis ass dat esou selbstverständlech, datt mer dorunner mol net méi denken, wa mer iwwer Rentrée a Bicher, iwwer Kompetenzen a Bilanen, iwwer Léieren a Kompenséieren, iwwer Vakanzen an Schoulzäiten diskutéieren.

Um Enn léiere mer all iwwerall fir d'Liewen! An dat och am richtege Sënn vum Wuert.

AUDIO: Apropos "Léieren dierfen heescht och liewe kënnen"