Gehéiert Dir och zu deenen, déi all Dag de Bus fir op d'Schaff huelen? De Gibbes Bertolo kann neierdéngs och e puer Wuert matschwätzen ...

Ech sinn elo a menger 3. Woch. Déi 3. Woch, wou ech moies géint 7 an de Bus eran an owes géint 6 nees erausklammen. Neen, mäi Führerschäin ass net fort a mengem Auto geet et gutt. E steet doheem virun der Dier well et op der Schaff neierdéngs eppes méi enk mat de Parkplaze gouf. Voilà. A well ech vun enger direkter Busverbindung vu menger Wunneng bis op meng Aarbechtsplaz ka profitéieren hunn ech d'Geleeënheet genotzt a sëtzen dann elo all Dag 2 mol 40 Minutten am Bus. Esou wéi vill aner Leit och.

Ech muss zouginn: am Ufank war et dach e bësschen ewéi eng nei Welt déi sech mer do presentéiert huet. Eng Mobilitéitswelt an där ech eréischt no an no geléiert hu Fouss ze faassen. Ech hu missen ëmdenken, ëmmer den Horaire am Kapp hunn, wou a wéi kann een awer vläit nach déi eng oder aner Minutt aspueren, kann ech net awer e klengt Stéck Wee mam Auto maachen an de Bus eréischt op hallwer Streck huelen? Mä vun deem Gedanke war ech séier nees erof. Wa scho mam Bus, dann awer och zerguttst.

Mëttlerweil fänkt een och sou lues un dat eent oder anert Gesiicht erëm z'erkennen. Deen dote war dach gëschter op enger anerer Plaz erageklommen ... an d'Madame dohannen? Huet déi ëmmer nach déi hellblo Blouse vu leschter Woch un? Nei ass awer och, datt ech jo elo just nach mat Knapp am Ouer de Radio ka lauschteren. Obwuel: ech weess elo ongeféier bei wéi enge Chauffeuren den RTL leeft.

Ech gesinn et elo mol méi vun där positiver Säit. Ech sëtze relax, brauch mech net op de Verkéier ze konzentréieren, dierf souguer d'Busspuer benotzen a kann am Prinzip menge Gedanke fräie Laf loossen. Leider dominéiert den Ament ëmmer nach 1 Gedanken: mam Auto wier ech elo schonn do ...

Mä wéi soen se: d'Zäit heelt d'Wonnen. An Zäit hunn ech elo méi wéi genuch ...

AUDIO: Apropos: am Bus