Apropos, sinn déi eeler Damme wierklech responsabel fir dat gutt Wieder, wat mer den Ament hunn, Fernand Mathes?

Sécher net a wann, da wiere mer hinnen dankbar. Ech hu Gëschter gelies, datt viru kuerzem eng eeler Damm vun 78 Joer zu Darmstadt vru Geriicht gezunn ass, well si sech diskriminéiert gefillt huet duerch de Begrëff “Altweibersommer“, net wéinst där Fuesent mat dem nämmlechte Wuertstamm, ma si wollt net de Bockel duerhale fir d' Wieder a wann et och nach esou gutt ass. Si krut natierlech net Recht vum Kadi, well den “Altweibersommer“ guer näischt mat Fraen ze dinn huet. D'Wuert staamt aus dem Alhéidäitschen a gouf gebraucht fir „weben, wiewen, knäppe vun engem Spannennetz“. Wann am Hierscht, wéi elo d' Wieder ënner Héichdrockafloss steet, da setzt sech an deene killen Nuechten den Da un de Spannennetzer fest a si ginn doduerch gutt siichtbar. Et gëtt zwar och behaapt, déi eenzel Spannefiedem géifen u laang gro Hoer erënneren… jee, et gëtt eng Hatt voll Seeëcher an zeg Bezeechnunge fir dëse meteorologesche Kaddo vum Hierscht an et kéint een eng Stonn laang weider driwwer spannen.

Mir gefält eigentlech d' Bezeechnung vum été indien zimlech gutt, obschonn an den USA eng Debatt driwwer entflaamt ass iwwer „d' political correctness“ vum Begrëff „indian summer“. Dir gesitt iwwerall Rapp a Klapp wéinst dem schéinen Hierschtwieder.

An hei bäi iis? Ech hunn néierens ee fonnt dee sech Gedanke gemaach hätt iwwer d' Bezeechnung „Aalfraesummer“, mir huelen eben einfach wéi et kënnt, watt méi gutt watt méi besser. De Begrëff fënnt een och am lëtzebuerger Diktionnär erëm an do steet och nach ee klengt Beispill: nämlech, den Aalfraesummer spieren, op däitsch „Johannestriebe verspüren“ wat sengersäits erëm am Geck benotzt gëtt, wann déi eeler Semester, wéi soll ech et ausdrécken, ….nees méi wibbeleg ginn. Ech sot jo, mir huelen et wéi et kënnt, genéisst et!

AUDIO: 25/09/2013 APROPOS: Aalfraesummer