Oktoberfest

Gëscht war de leschten Dag, haut huet et sech ausgeschunkelt. D'Oktoberfest ass eriwwer. Dat zu München. Den Original, dat vun Alzeng, war jo scho virun enger Woch. An do kënnen déi Münchener an och vill Lëtzebuerger sech roueg eng Tranche dovunner ofschneiden. Während sech op de Kiermessen uechter d'Land deen neie Brauch vum Hämmelsmarsch nëmme schwéier duerchsetze kann, a sech dofir mat Recht kaum nach Schof fannen, déi do fräiwëlleg matmaachen, weisen déi Alzenger, dass et méiglech ass, al lëtzebuergesch Traditiounen um Liewen ze halen.
Wäit iwwer 1000 Leit hunn och des Kéier beim historeschen Alzenger Wiesenumzug matgemaach, deen domadder gläich méi populär ass wéi d'Péitenger Kavalkade an d'Stater Schlussprëssessioun. Wann ee gesäit wéi vill Leit dat Alzenger Oktoberfest iwwer seng 3 Deeg all Joer rëm unzitt, da kann een aner Gemengen nëmmen dozou ermonteren och hir traditionell Fest rëm méi opliewen ze loossen.
Ech denken zum Beispill un den ale Brauch vum Stéierlaf vun Esch-Sauer, wou sech all Joer honnerte Jonk Männer vun e puer wëlle Stéier duerch d'Gaasse joe loossen – ee Publikumsmagnéit, deen an ähnlecher Form och zu Pamplona a Spunien organiséiert gëtt. Oder wéi wär et fir déi traditionell Tomatina vun Habscht rëm méi grouss opzezéien, dat berühmte Fest, bei deem d'Visiteure mat éislecker Tomaten openeegeheien. Wat mech och ëmmer passionéiert huet, allerdéngs éischter am sportleche Beräich, ass d'Kéiskurs vu Klierf. Heibäi geet et bekanntlech drëm, engem grousse Kéis nozelafen, deen en Hiwwel erofrulle gelooss gëtt. Als éischte Präis wénkt de Kéis, als zweete Präis geet et ëmmerhinn nach eng gutt éisleker Hameschmier. Opschons des Traditioun zu Lëtzebuerg e bëssen a Vergiessenheet geroden ass, kennt se an England ee grousse Succès, wou all Joer den Cooper's Hill Cheese-Rolling Race organiséiert gëtt.
Et ass also guer net sou, wéi wa mir zu Lëtzebuerg keng Traditiounen hätten, déi et derwäert wäre gefleegt ze ginn. Mir mussen se ebe just richteg reaniméieren, a Sponsoren dofir begeeschteren. An am Eescht : wie wëll scho säi Logo op engem Hammel gesinn ?