Ech fannen et ëmmer erëm interessant, wéi Leit sech alleng iwwert hir Aarbecht definéieren. Wann een ee kenneléiert, a freet wat e sou mécht am Liewen, äntwert dee seelen, dass e grad en Haus baut, gäre reest, Musek spillt, al Autoe sammelt, sech fir Archeologie interesséiert oder tauche geet. Meeschtens nennt en den Numm vu sengem Employeur. An oft genuch gi mer eis domadder zefridden, a mengen, dass déi Informatioun eppes grondleeëndes iwwert déi Persoun ausseet. Dat Tirangsdenken ass déif verankert. Wien a keen Tirang passt, ass suspekt. A wie mengt, a méi Tiräng ze passen, soll sech net wonneren, wann en an de Schaaf gespaart gëtt.

Eise Politiker, an deenen déi et nach wëlle ginn, geet et net besser. Mir hunn do een Tirang am Kapp, eng Schabloun, an déi sollen se erapassen, soss musse se mat Kritik rechnen. Wéi soss erklärt et sech, dass ee Politiker sech zwar däerf, wann net souguer muss, fir Sport interesséieren, ee Sportler, dee sech op eemol awer fir Politik interesséiert als Promi-Kandidat ofgestempelt gëtt. Iwwerhaapt ass dat sou eng Saach mat där Prominenz. Ee Promi, dat ass een dee bekannt ass. Ee Kandidat, dee kee kennt, gëtt net gewielt. Mee wéi et schéngt däerf en, fir kredibel ze sinn, net anescht bekannt gi sinn, wéi duerch d'Politik. A wéi gëtt ee bekannt, an der Politik ? Iwwer d'Medien. Anscheinend ass et also d'Chronologie, op déi et ukënnt : fir d'éischt op d'Lëscht, dann eréischt an d'Medien. Wien fir d'éischt an de Medie war, a réischt duerno an der Politik wëll matschwätzen, ass suspekt. Deen hätt sech dat virdru sollen iwwerleeën.

An sou ass et ni ze fréi, d'Kanner drop hinzeweisen, dass wann se een Dag an d'Politik wëllen, verschidde Beruffer einfach besser eriwwer komme wéi anerer. Zu Lëtzebuerg ass zum Beispill nach ni een Atomphysiker gewielt ginn, a souwäit ech weess och schonn éiweg keen Aarbechter méi. Dat ass wuel net dee richtegen Tirang. Mol kucke wat d'Wale bréngen nächste Sonndeg, an op deen een oder aner vläit aus sengem Promi-Tirang erausgelooss gëtt.