Speed-Dating nei erfonnt

Déi meescht hu schonns dovun héieren, och wann déi mannst et jeemools wäerte probéiert hunn: de Speed-Dating.
Eng amerikanesch Methode aus den 90er – mam Zil, schnell nei Kontakter ze fannen. Wat haaptsächlech geduecht war en neie Flirt- oder Bezéiungspartner ze fannen, gouf op d'Geschäftswelt oder soss Beräicher, wou schell nei sozial Kontakter sollten zustane kommen, erweidert. Am grousse Ganzen hu 15 bis 20 Leit jeeweils 5 bis 10 Minutten Zäit, fir deen anere kennen ze léieren, duerno gëtt d'Plaz getosch – sou oft, bis jidderee mat jidderengem geschwat huet.
Datt dës Method net ëmmer de beschte Ruff huet, läit wuel och um Hannergedanken oder der 'hidden Agenda', déi sou muncher ee beim Speed-Dating huet: den 'One Night Stand'.
Geet en dëser Deeg op Dëppefester oder soss Manifestatiounen, da mierkt e schnell: Am Oktober gëtt gewielt a virdru gëtt ëm all Stëmm gekämpft. Och ech war de leschte Weekend op engem vun de sëllechen Hierschtfester ënnerwee an hunn net schlecht gestaunt, wéi gutt d'Politik sech organiséiere kann, wann et ëm hir eege Wurscht geet.
Am beschten ewech kommen dobäi d'Kanner – déi ginn zwar nach guer net wielen, freeë sech awer wéi de Geck op de Bengel iwwert all Gadget; ob elo Textmarker oder Bic, Loftballon oder Wandmillen, och hei ass den Hannergedanke kloer: zefridde Kanner = zefridden Elteren; an da klappt et och vläicht mat der Stëmm.
Dobäi kommen d'Inhalter awer gären ze kuerz, sou datt ech mech gefrot hunn, ob een net de politesche Speed-Dating soll aféieren. Engersäits wier fir Animatioun gesuergt an anerersäits géif dat verhënneren, datt ëmmer heemlech op de Stand vun der Konkurrenz muss geluust ginn, woubäi déi puer Minutten dann och kinnte genotzt ginn, fir de potentielle Wieler vum Inhalt ze iwwerzeegen an net just e Wahlcadeau an de Grapp ze drécken. Déi 'hidden Agenda' wier an deem Fall weder e 'One Night Stand' nach e 'russescht Roulette', mä en 'One Day Vote', also 'wiel mech den 20. Oktober'! Duerno brauch och kee Politiker ze fäerten, vun engem Speed-Dating-Partner weiderhi belästegt ze ginn - 5 Joer sinn ëmmerhinn eng laang Zäit, fir sech erëm vergiessen ze loossen.
Bis et awer zu sou engem politesche Speed-Dating-Folklor kënnt, gefale mer d'Kanner weiderhin am beschten: Si kënnen dat Onméiglecht nach denken, a sou hunn ech de leschte Weekend eng Abberzuel Butze mat grénge Wandmille gesinn, un deene souwuel e bloen, en orangen wéi och e roude Loftballon houng. Oder waren d'Cadeaue sou just méi praktesch ze droen? Et sief dann ...