Prominenz – oder kuerz Promi – ass e Wuert, dat an der Medienwelt vun haut drop an derwidder gebraucht gëtt. An dat geet vum A-Promi bis bei den Z-Promi. Dobäi ass et nach e relativ jonkt Wuert, Christiane Kremer.

An der däitscher Sprooch gëtt et eréischt zënter gutt 100 Joer gebraucht, an an der lëtzebuergescher Sprooch sécher nach manner laang. D'Wuert staamt awer aus dem Latäin an heescht iwwersat: dat wat erausstécht!

Gebraucht gëtt prominent- dem Duden no- fir eng Persoun, déi berufflech oder gesellschaftlech bekannt oder berühmt ass oder eng besonnesch Bedeitung huet. Prominent si vrun allem Kënschtler, Museker, Schauspiller, awer an de leschte Joeren och ëmmer méi Sportler a Politiker. Also Leit, déi duerch hir Fonktioun oder e grousse Succès an hirem Beräich bei de Leit bekannt sinn.

Entretemps gëtt et dann och schonn de Begrëff vun der Pseudo-Prominenz, bei deem et ëm déi Persoune geet, déi duerch iergend e Skandal oder eng Reality-Show oder eng hefteg Affaire mat iergend engem richtege Promi fir kuerz Zäit och bekannt sinn. Mä vun deene gëtt meeschtens net sou laang geschwat- also halen ech déi hei och kuerz! Och wann de Pop-Art-Kënschtler Andy Warhol vru bal 50 Joer schonn dervu geschwat huet, datt jidderee fir 15 Minutte soll berühmt ginn

Dat mat der richteger Prominenz ass dann awer och esou eng Saach. Et hänkt vill dervun of, wéi déi Concernéiert domadder ëmginn. An do ënnerscheed een dann zwou Kategorie vu Promien: déi, déi als „Personne Publique“ alles probéiere fir hir Privatsphär ze schützen an dat souguer bis vru Gericht an déi, déi als „Personne Publique“ alles aus hirer Privatsphär auspaken an an d'Landschaft posaune fir nëmmen nach laang am Gespréich ze bleiwen. Egal wéi e Präis oder wéi eng penibel Aktioun dofir muss hierhalen.

Do kann een, wéi et grad geschitt, e Buch erausbréngen an deem een alles draschreift, wat een a sengen diverse Relatioune mat sengen diverse Fraen u Schlëmmem erlieft huet an dat dann als Mäerchestonn engem méi oder manner intresséierte Publikum virdréit. Schued, datt Tenniscarrièren nëmmen eng kuerz Zäit halen an een duerno als jéngste Wimbledon-Gewënner vun allen Zäiten sou onsportlech muss u sengem Image schaffen.

Gutt dat ass an Däitschland! Zu Lëtzebuerg wier e Boris Becker vläicht manner penibel opgefall, firwat net op enger vun de ville Lëschte fir d'Chamberwalen.

AUDIO: 01/10/2013 Apropos "Prominent sinn. prominent bleiwen"